De Fonds du Logement baut d'Cité Syrdall nei. A niewendru gëtt un der Renaturéierung vun der Syr geschafft. 2 verschidde Chantieren, ënner zwou verschiddene Responsabilitéiten. Engersäits kontrolléiert d'Naturverwaltung, ob d'Oplagen a Saachen Naturschutz respektéiert ginn; wat d'Baach ugeet, ass d'Waasserwirtschaftsamt zoustänneg. Wat hei bis elo verännert gouf a wat engem Noper a Fëscher no hätt besser gemaach kënne ginn, resuméiert d'Monique Kater am Reportage.