GesondheetskeessSituatioun net normaliséiert, nach ëmmer Retarde bei Remboursementer méiglech

Pit Everling
D'Situatioun bei der Gesondheetskeess huet sech nach net ganz normaliséiert an et kann nach ëmmer zu Retarde bei de Remboursementer kommen.

Beim Traitement vun de Rechnunge läit den Delai bei ongeféier 5 Wochen.

Dat äntwert den LSAP-Sozialminister Claude Haagen sengem Parteikolleeg Mars Di Bartolomeo, fréiere Sozialminister an aktuellen Deputéierten.

Bei der Krankekeess fir d’Staatsbeamten an Employéen sou wéi bei der Keess fir d’CFL gëtt et keng gréisser Retarden.

Generell gesinn ass d’Digitaliséierung vun de Prozesser am Gaang.

An enger éischter Etapp soll de Remboursement acceleréiert ginn an an enger zweeter Etapp erlaabt den direkte Bezuelsystem och eng direkt Prise en charge.

Back to Top
CIM LOGO