Iwwer 8.000 Mosleme goufen am Juli 1995 zu Srebrenica am Oste vum Land ëmbruecht. Den internationale Geriichtshaff huet d'Evenement méi spéit als Genozid definéiert, deen ordonéiert gouf vun den deemolege Forcen aus der Republika Srpska.
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden war dëse Sonndeg bei der Commemoratiouns-Zeremonie am Park Tony Neuman um Lampertsbierg dobäi
De Luc Frieden huet sech bei där Geleeënheet och un d'bosnesch Communautéit zu Lëtzebuerg adresséiert.
Efforte vu Bosnien-Herzegowina, fir der EU méi no ze kommen, géinge vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt ginn. Bei der Zeremonie beim Srebrenica-Monument war och de bosneschen Ausseminister Elmedin Konaković dobäi. D'Gedenkfeier gëtt organiséiert vum Comité "Srebrenica Lëtzebuerg".