ULCSoll Lëtzebuerg sech bei de Sammelkloen um däitsche Modell inspiréieren?

Fanny Kinsch
D'Verbraucherschutzorganisatioun ass géint esou e Modell a begréisst éischter de Modell deen op Basis vun enger EU-Propositioun proposéiert gouf.

Den Nico Hoffmann bleift President vun der ULC. D'Verbraucherschutzorganisatioun huet den LCGB-Gewerkschaftler op hirer Generalversammlung dës Woch fir e weidert Mandat vun dräi Joer gewielt. Eng vun de Prioritéite bleiwen d'Bankfraisen.

Eng Petitioun vum Konsumenteschutz, déi iwwer 4'500 Ënnerschrëfte krut, soll den 21. Juni an der Chamber diskutéiert ginn. D'ULC fuerdert, datt d'Fraise fir vulnerabel Persounen ofgeschaaft a fir déi aner Leit op e minimum begrenzt ginn.
E weidert Uleies vum Konsumenteschutz ass d'Kafkraaft vun de Leit, do misst virun allem bei de Steieren eppes geschéien.

"Do waarde mer alleguer sécherlech gespaant op dat Versprieche vun dëser Regierung, fir just nëmme méi eng Steierklass anzeféieren, mussen nach kucke wat do erauskënnt, dat dauert jo nach eng Zäitchen, si hu gesot véier bis fënnef Joer géif dat dauere bis deen Dossier sprochräif wier. Mä mir fuerderen hei awer och ganz kloer de Finanzminister op net bis dohinner ze waarden, mee ganz konkret elo schonn eng Rei Erliichterunge fir d'Personnes physiques virzehuelen."

Wat d'Sammelkloen ugeet, begréisst den Nico Hoffmann, datt déi nei Konsumenteschutzministesch bis Ënn dës Joers e Gesetzprojet deposéiere well. Anescht wéi d'Paulette Lenert ass d'ULC allerdéngs géint deen däitsche Modell.

"Deen däitsche System, deen nämlech esou ausgesäit, wéi wann e Riichter bei enger Sammelklo elo eng Decisioun geholl huet, datt dann nach erëm den eenzele Verbraucher nach eng Kéier muss kloen, fir zu seng Recht ze kommen, dat ass dat wat mir op alle Fall net wëllen."

D'EU-Propositioun, déi d'lescht Joer presentéiert gouf, géif eng gutt Basis liwweren, fënnt den Nico Hoffmann, et sollt een allerdéngs net waarden, bis d'Direktiv do ass, iert een en nationale Kader schaaft.

Back to Top
CIM LOGO