
Et wëll ee Lëtzebuerger Betriber op Dublin bréngen an ëmgedréint. Zemools an de Beräicher Logistik, Digital a Maritim gesäit de Xavier Bettel vill Chancë fir d’Entreprisen. Mat der Visitt op der Plaz wëll ee Relatiounen tëscht de Lëtzebuerger an iresche Betriber ausbauen respektiv iwwerhaapt mol opbauen oder wéi de Premier seet: “Mir sinn hei, fir d’Dieren opzemaachen.”
D’Yuriko Backes iwwerdeems ass frou iwwert d’Treffe mam iresche Finanzminister an dem President vun der Eurogrupp. Hei wéilt ee sech besonnesch iwwert aktuell Themen austauschen.
Mam Besuch zu Dublin wëll een zesummen d’Interessie verdeedegen. Ma um Programm stoung awer och déi offiziell Aweiung vun der éischter Lëtzebuerger Ambassade an Irland.
Irland ass souwuel e Partnerland wéi och e Konkurrent, sou de Xavier Bettel. Béid Länner punkten an Europa nämlech besonnesch mat hire Finanzplazen.