Gemengewalen 2023Spezialemissioun mam Sammy Wagner, Anne Kaiffer, Jessie Thill a Sven Clement

RTL Lëtzebuerg
1 Stonn am Zeeche vun de Gemengewale mat enger Spezialemissioun mat 4 Invitéen.
Spezialemissioun mam Sammy Wagner, Anne Kaiffer, Jessie Thill a Sven Clement
1 Stonn am Zeeche vun de Gemengewale mat enger Spezialemissioun mat 4 Invitéen.

Et goufen eng Rei Iwwerraschunge bei de Gemengewalen. E puer Kandidaten, déi an hirer Gemeng besonnesch gutt ofgeschnidden haten, waren Invité op der Tëlee an do goung et ënnert anerem ëm d’Fro, wat si anescht maachen

Eng Fro, déi zum Beispill de Sammy Wagner gestallt krut. Hie krut mat der LSAP, déi absolut Majoritéit zu Stengefort.

“Ech versiche ganz no un de Leit ze sinn, ech versiche mech selwer net ze vill wichteg ze huelen, mäin Ego virun allem hannen unzestellen. Wann ech kucke mat där Ekipp mer an d’Wale gaang sinn, hunn ech probéiert, jiddereen no vir ze drécken. An der Politik läit fir mech d’Stäerkt dran, wann ee sech selwer zeréckhëlt a seng Ekipp mat no vir dréckt an da kann een och Wale gewannen.”

Dat ass och der Jessie Thill zu Walfer gelongen, wou hir gréng Partei entgéint dem Trend ee Sëtz bäi krut.

E Resultat, dat fir si un der gudder Aarbecht läit, déi déi Schwaarz-Gréng Koalitioun an de leschte Joren zu Walfer geleescht huet.

“Mir hunn eng aner Politik gemaach, wéi eis Virgänger a Virgängerinnen. Mir hunn eng méi biergerno Politik gemaach, mir hu vill Biergerbedeelegung gemaach, mir hunn de Leit nogelauschtert, vill mat hinne geschwat. Mir hunn e Paradigmewiessel agelaut an der Urbanismuspolitik an der Gemeng. Et gesäit een, datt et seng Friichte gedroe huet, datt mer vill a gutt zesummegeschafft hunn.”

Eng Iwwerraschung war och de Score vun der Anne Kaiffer. D’Stater Geschäftsfra ass aus dem Stand eraus, déi Fënnefbescht op der Stater DP-Lëscht ginn. Si ass eng vun de rare Geschäftsfraen, déi sech politesch engagéieren.

“Ech fannen et wichteg, dass de dech als Geschäftsfra oder Geschäftsmann asetz, fir Saachen ze veränneren, well ech mengen, d’Alldagsrealitéit feelt anere Politiker heiansdo, well se net matkréien, wéi et wierklech geet.”

Jee nodeem wéi d’Koalitiounsgespréicher tëschent der Stater DP an der CSV ausginn, kéint d’Anne Kaiffer esouguer Schäffe ginn, e Posten, deen si dann och gäre géif unhuelen.

Klickt hei, fir op den RTL-Walsite ze kommen

Back to Top
CIM LOGO