Eng Penurie vun Doktere gëtt et bei ville Spezialiséierungen. Eng ganz akut och bei den Aarbechtsdokteren.
D’Associatioun vun den Aarbechtsdokteren ALSAT huet an engem Communiqué drop higewisen, datt aktuell eng 25 Aarbechtsdokteren zu Lëtzebuerg feelen. Et fuerdert een, datt e Studiegang op der Uni Lëtzebuerg agefouert gëtt.
D’Aarbechtsmedezin wier virun allem eng Preventiv, esou de Dr Marc Jacoby, President vun der Associatioun vun den Aarbechtsdokteren. Duerch d’ Aarbecht soll een net krank ginn a wann ee gesondheetlech Problemer huet, solle se duerch de Beruff net méi schlëmm ginn. Psycho-sozial Problemer géifen ëmmer méi am Virdergrond stoen.
Zu Lëtzebuerg géifen den Ament eng 25 Aarbechtsdoktere feelen, dobäi kéim, datt eng Partie geschwënn an d’Pensioun ginn. D’Gesetz gesäit een Aarbechtsdokter fir 5.000 Salariéë vir. A verschiddene Servicer wier ee bei engem Dokter op 8.000, esou d’ Vize-Presidentin vun der ALSAT, Dr Nicole Majery:
“Dat bréngt mat sech, datt mer ëmmer en Retard sinn. Mir sinn en Retard bei de Conseilen, déi mer fir Entreprisë maachen. Mir hu Retard bei den Ënnersichungen, déi mer musse maachen. Wat legal Konsequenze kann hunn, souwuel fir de Salarié wéi fir d’Entreprisen.”
Et gi méi Rendezvousen ugefrot, wéi een der ka ginn. Et wier e Problem, deen nëmmen op politeschem Niveau kéint geléist ginn. D’Spezialiséierung zum Aarbechtsdokter misst ee kënnen op der Uni Lëtzebuerg maachen, esou d’ ALSAT.
Am Prinzip kéint um Dënschdeg eng Decisioun falen. D’Spezialiséierung zum Aarbechtsmedezinner dauert 4 Joer. Ma schonn no 6 Méint kéinten dës Leit an de Servicer hëllefen a fir eng gewëssen Entlaaschtung suergen