21 nei PetitiounenSpritpräisser limitéieren, manner Steiere fir Celibatairen an Aschreiwung bei der Adem just fir Residenten

RTL Lëtzebuerg
An 21 neie Petitiounen um Site vun der Chamber ginn nees eng Partie Fuerderunge gestallt.

Zanter en Donneschdeg de Moie sinn 21 nei Petitiounen online, déi bis de 27. Mee op d’mannst 5.500 Ënnerschrëfte musse beienee kréien, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt. D’Fuerderunge vun de Petitionäre ginn nees vu bis.

D’Spritpräisser solle limitéiert oder d’Accisen um Sprit fir Residenten a Krisenzäiten erofgesat ginn. D’Nationalmuséeën an der Stad Lëtzebuerg sollen nees gratis ginn, Celibatairë solle manner Steiere bezuelen oder just Residentë solle sech kënne bei der Adem aschreiwen. De Promotiounsexame fir Beamten an Employéen an der ënneschter Carrière am ëffentleche Déngscht soll ofgeschaaft ginn oder d’Protektioun vu Kanner géint Gewalt endlech méi konsequent ugaange ginn.

Déi ganz Lëscht fënnt een op petitiounen.lu.

Back to Top
CIM LOGO