FOTOEN - Um Méindeg de MoienStaarke Reen, vill Wand an en déidlechen Accident

RTL Lëtzebuerg
Meteolux hat fir e Méindeg eng Alerte Orange erausginn, dat wéinst villem a staarkem Wand. Iwwer 100 Mol huet den Telefon beim CGDIS gerabbelt.
Ähnlech wéi Meteolux warnt och d'Meteozentral um Méindeg viru markantem Wieder mat Wandspëtzte vu bis zu 100 km/h.
Ähnlech wéi Meteolux warnt och d'Meteozentral um Méindeg viru markantem Wieder mat Wandspëtzte vu bis zu 100 km/h.

D'Stuermdéif Bennet ass e Méindeg de Moien och iwwer Lëtzebuerg gezunn, dat mat Wandgeschwindegkeete vu bis zu 110 Kilometer an der Stonn, begleet vu plazeweis staarkem Reen. Dobausse war et mat Amenter richteg ongemitterlech.

Zum Beispill zu Ettelbréck, wou genee wéi op e sëllechen anere Plazen, e Bam noginn hat ...

E Méindeg de Moien zu Ettelbréck
E Méindeg de Moien zu Ettelbréck
© Monique Anen

Am Blummendall war et zu engem uergen Accident komm, wéi e Bam op en Trakter an dunn op en Auto gefall war. Zwou Persoune goufen dobäi schro blesséiert, de Chauffer aus dem Auto, en 51 Joer ale Mann vun Iechternach, sollt seng Blessuren net iwwerliewen. Hien ass am Spidol verscheet.

RTL-NEWS: Trageschen Accident - Bam op Trakter an Auto: ee Chauffer huet net iwwerlieft.De CGDIS huet um 11.10 Auer matgedeelt, datt bis dohin 107 Mol um 112 ugeruff gouf am Zesummenhang mam Stuerm a Beem, déi op d'Stroosse gefall sinn.

LINK: Déi genau Detailer op Meteolux.luUm fréie Moie waren d'Wandgeschwindegkeeten nach net op hirem Héichpunkt ukomm, dat war tëscht 9 a 14 Auer de Fall. Och de Rescht vum Dag blouf et stiermesch, ma d'Sonn koum méi spéit och nach luussen.

Dës Wandstéiss goufe vu Kachelmann-Meteo gemooss:

104 km/h Ëlwen
93 km/h Beetebuerg
91 km/h Lëtzebuerg-Findel
91 km/h Péiteng
89 km/h Waldbëlleg
87 km/h Wolz

Ähnlech wéi Meteolux warnt och d'Meteozentral um Méindeg viru markantem Wieder mat Wandspëtzte vu bis zu 100 km/h.
Ähnlech wéi Meteolux warnt och d'Meteozentral um Méindeg viru markantem Wieder mat Wandspëtzte vu bis zu 100 km/h.

Och déi nächsten Deeg gesäit d'Wieder ganz änlech aus, woubäi d'Wandgeschwindegkeete just nach bei maximal ëm déi 75 Kilometer an der Stonn leien dierften.

METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.

VIDEO: Stuerm: Och um Kierchbierg huet et geblosen
E puer Andréck kuerz viru Mëtteg bei der Entrée zu der RTL-City.

FOTOGALERIE
TRAFIC: Aktuell Informatiounen.
TRAFIC: Cita-Kameraen A1.
TRAFIC: Cita-Kameraen A3.
TRAFIC: Cita-Kameraen A4.
TRAFIC: Cita-Kameraen A6.
TRAFIC: Cita-Kameraen A7.
TRAFIC: Cita-Kameraen A13.
INFOEN? Gitt Trafic-Reporter.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder? Hei all d'Infoen an de Bléck vun eise Panorama-Kameraen.
METEO: Livecam - de Bléck vum Héichhaus.

Back to Top
CIM LOGO