Dës nei Approche kéint zousätzlech Erausfuerderungen duerstellen an et géinge sech juristesch an technesch Froe stellen.
Dat sot op jidder Fall den Direkter vum ëffentleche Bauträger SNHBM, de Guy Entringer e Mëttwoch de Moie bei der Presentatioun vun de Joreszuelen. D’Société nationale des Habitations à Bon Marché wier nach net consultéiert ginn an hätt just vu "verschiddenen Iwwerleeunge matkritt". De Guy Entringer war natierlech averstan, datt et "suboptimal" ass wann e Projet net fäerdeg gebaut gëtt. Allerdéngs huet hie sech eng Rei Froe gestallt.
Éischtens, ob de Staat oder d'ëffentlech Bauträger SNHBM oder Fonds du Logement Copropriétär ginn a bleiwen oder hir eenzel Wunnenge weiderverkafe sollen. Am zweete Fall géing sech d'Fro stellen, ob een de quote-part Terrain bei der Revente soll erausrechnen, fir datt d'Wunneng abordabel gëtt.
Am Fall wou ee Coproprietär géing bleiwen, géing d'Zesummeliewen an engem Syndic eng grouss Erausfuerderung duerstellen: "Et ass net ëmmer logesch, wat do villäicht decidéiert gëtt an ech mengen, et ass einfach méi einfach ze geréieren, wann engem e Gebai ganz gehéiert ewéi wa just eenzel Wunnengen engem gehéieren", esou de Guy Entringer.
De Präis, deen de Staat pro Meter Carré fir Wunnengen um Plang bereet ass ze bezuelen, jee no geographescher Lag ze staffelen, wier dem SNHBM-Direkter no dann awer "absolut sënnvoll", well d'Präisser jee no Gemeng immens variéieren. Den Hannergedanken do ass, datt wann de Staat net bereet ass, e gewëssene Präis ze bezuelen, d'privat Promoteuren net bereet sinn, à perte ze verkafen. Op der anerer Säit wëll de Staat och net iwwerdriwwe Margë finanzéieren.
D'Präisser vun de Wunnenge vun der SNHBM wieren ënnert dem Marchéspräis, mee de Guy Entringer huet zouginn, datt hir Präisser "net näischt" wieren. Prinzipiell wier et "wichteg, datt mir méi Densitéit kréien, well et ass schonn net genuch Terrain do".
D’Gebaier, déi d'SNHBM um Kennedy Sud um Kierchbierg baut, wäerte "ganz späerlech" vis-à-vis vum ArcelorMittal-Gebai ausgesinn, huet de Guy Entringer bedauert. Den Direkter vun der SNHBM war awer optimistesch fir d'Zukunft: hien huet drop higewisen, datt beim Projet Elmen den Deel, deen elo réischt gebaut gëtt, 50% méi dicht wäert sinn ewéi den éischten Deel, dee lo scho gebaut ass.
Déi niddreg Densitéit beim éischten Deel hätt zu Präisser gefouert, déi "fir jiddereen ze deier" gewiescht wieren. "Mee mir hunn den Exercice missten an der Praxis eng Kéier duerchzéien, fir wierklech eng Kéier ze weisen 'et muss anescht goen'", esou de Guy Entringer.
Wat d'Joreszuelen ugeet, huet d'SNHBM e Mëttwoch vu "Rekordjoer" geschwat. D'lescht Joer hätt se esouvill Wunnengen an de Bau ginn ewéi nach ni virdrun: 473 Wunnenge goufen ugefaangen (+172 par Rapport zu 2024), 288 goufe fäerdeg gebaut (+38). Alles an allem wieren 1.335 Wunnengen aktuell am Bau, 613 an der Locatioun – Tendenz steigend. Bis 2028 wéilt een déi Zuel verduebelen.
Iwwer 8.000 Leit sti bei SNHBM an der Schlaang, fir eppes ze kafen. D'SNHBM hätt mat hirem Stock un Terrainen d'Potential fir 3.000 Wunnengen a wéilt 350 bis 400 d'Joer bauen. Dofir misst een Terraine fir zukünfteg Projeten determinéieren an d'Offer diversifiéieren.
Zu de grousse Projeten, déi an der Maach sinn, si 600 Wunnengen op der Itzegerknupp zu Bouneweg, 230 um Kennedy Sud um Kierchbierg. E weidere grousse Projet läit nach zäitlech méi wäit ewech: en "zweeten Elmen" mat 600 Wunnengen um Hierschterbierg zu Réiser.