LëtzebuergStatec rechent dëst Joer mat enger Inflatioun vun 2,2%

RTL Lëtzebuerg
D'Präisdeierecht dierft bis Enn dës Joers no un 3% erukommen.
© Statec

Wéi Statec e Mëttwoch matdeelt, wier dës Entwécklung haaptsächlech op d'Präishausse vun de Pëtrolsproduiten zréckzeféieren. Et bleift derbäi, datt déi nächst Indextranche am leschten Trimester vun dësem Joer erfält.

Alles an allem geet de Statec fir dëst Joer vun enger Inflatioun vun 2,2% aus. D'nächst Joer gëtt mat enger Präisdeierecht vu just nach 1,7% gerechent.

© Statec

PDF: Communiqué Statec

Back to Top
CIM LOGO