
D'Deputéiert, déi en Donneschdeg de Moien nach um Riednerpult stoungen, sinn an der Haaptsaach op zwee Sujeten agaangen: Steieren an Logement.
Wéinst der Kris wär et elo net den Ament fir Steiererliichterungen, awer och net fir Erhéijungen, sot de Finanzminister Pierre Gramegna jo e Mëttwoch beim Depot vum Budget. De Sven Clement vun de Piraten huet awer gefuerdert, et misst elo ganz séier an deem Beräich agéiert ginn.
Den CSV-Deputéierte Gilles Roth wollt der Regierung nach eemol virun Ae féieren, wéi vill Stéieren déi lescht fënnef Joer net an d'Staatskeese koumen, duerch déi sougenannt Stock Options an Abuse bei de speziellen Investissementsfongen. Dem Gilles Roth sengem Calcul no ass dat eng enorm Zomm.
Ma d'Regierung géif dee Problem elo eréischt an d'Hand huelen, wou se mam Réck zu der Mauer stéing, esou den CSV-Deputéierten. Virun dräi Wochen nach hunn déi 31 Deputéiert vun der Majoritéit eng Motioun vun der Oppositioun fir d'Ofschafe vun de Stock Options net matgedroen, huet de Gilles Roth kritiséiert.
Den CSV-Deputéierte Marc Lies huet a senger Ried der Regierung, an do virun allem dem Premier Xavier Bettel senger Partei der DP d'Schold ginn, dass aus dem Logementsproblem eng Logementskris gi wär. Zanter de Xavier Bettel 2013 Regierungschef gouf, wären d'Präisser um Marché ëm 65 Prozent eropgaangen. Blo-Rout-Gréng hätt näischt géint dës Hausse ënnerholl, esou de Reproche vum Marc Lies, ma éischter dofir.
Parteiiwwergräifend gëtt constatéiert, dass de Manktem u Wunnengen déi d'Leit sech leeschte kënnen, dee gréisste soziale Problem hei am Land ass. Dem Yves Cruchten vun der LSAP no ass ze fäerten, dass e Rass an der Gesellschaft entsteet, tëscht deene Bierger, déi Proprietär vun engem Logement sinn, an deenen, déi sech ni wäerten eng eege Wunneng leeschte kënnen. De Premier hat a senger Deklaratioun en Dënschden jo annoncéiert, dass ee bei Immobilien, déi nom 31. Dezember kaf ginn, net méi 6, mä just nach 5% ofsetze kann an dat net op 6 Joer, mä 5 Joer. Fir d'LSAP, wär dat just en Ufank, huet den Yves Cruchten betount.
D'Agräifen an d'Spekulatioun um Wunnengsmaart, virun allem aus Drëttstaaten, muss ënnerbonne ginn, esou den LSAP-Deputéierten. D'Donnéeën, déi d'Envergure vun dësen auslänneschen Investissementer beleeë kéint, géif et den Ament nach net ginn. D'Deputéiert hunn awer wuel näischt géint eng Enquête, déi dann an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert kéint ginn.
1. Dag: Debatten iwwert d'Ried zur Lag vun der Natioun
Kritik no Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi wäit si mer nach vu bezuelbarem Wunnraum ewech?