
D’Regierung huet nämlech decidéiert, datt d’Entreprisen aus de Beräicher Terrassement, Demolitioun an Héichbau vum 1. Februar bis den 31. Juli Chômage partiel fir 20 Prozent vun hire Salariéen ufroe kënnen. Ma am Secteur wënscht ee sech virop Impulser, fir d’Aktivitéit un d’Dréinen ze kréien.
Ronn 12.000 Leit schaffen an deene concernéierte Branchen, theoretesch kéinten also bis zu 2.400 Persounen an de Chômage partiel falen. De Max Didier ass Administrateur délégué vun der Konstruktiounsfirma CDCL an Administrateur vum Groupement des entrepreneurs vun der Fedil. A sengen Ae misst virun allem um steierlechen Niveau ugesat ginn, fir Privatpersounen z’entlaaschten.
“Zënse sinn an d’Luucht gaangen, zu Lëtzebuerg hu mer gläichzäiteg den Amortissement accéléré quasi ofgeschaaft, obwuel mer de Contraire hätte musse maachen, fir d’Aktivitéit oprecht z’erhalen. Dat heescht, et ass ganz wichteg, datt mer Mesuren op der TVA maachen. Den Amortissement accéléré rëm aféieren an och den Enregistrement op der Quote-part construite zum Beispill ofschafen, fir déi Leit, déi lo nach wëlle bauen, net duebel ze bestrofen.”
E Mëttwoch an der Mëttesstonn hunn de Premier Luc Frieden an déi zoustänneg Minister Claude Meisch a Gilles Roth verschidde Mesuren, déi dem Secteur sollen hëllefen, annoncéiert.
An der Lescht héiert een dacks d’Kritik, datt elo Betriber, déi an de gudde Jore vill Sue verdéngt hunn, elo finanziell vum Staat ënnerstëtzt ginn. De Max Didier warnt virdrun, ze verallgemengeren. D’Situatioun wier vu Betrib zu Betrib ganz ënnerschiddlech. Hie gëtt zudeem ze bedenken:
“Et däerf een net vergiessen, datt bei all Bauprojet de Staat trotzdeem am meeschten drop verdéngt. Dat ass Recette vun der TVA, Recette vun de Steieren um Benefice, Charges sociales, déi erakommen. Ech mengen, déi meescht Entrepreneure reinvestéieren och an hiert Material, kafen nei Baggeren, nei Camionen, nei Coffragen. Do ginn och déi Sue gebonnen an et ass net onbedéngt, well déi Leit sech privat beräicheren.”
Och wann an deenen nächste Méint eng Partie Salariéen an de Chômage partiel falen dierften, géif awer weider no neien, am Idealfall qualifizéierte Leit gesicht. Dat confirméiert de Miguel Santos, deen zanter 26 Joer bei CDCL schafft a mëttlerweil de Responsabele vun der Main d’oeuvre ass.
“Bien sûr, bien sûr il y aura toujours besoin. On a vraiment des bonnes conditions dans le pays pour travailler dans la construction. On a toujours besoin. En ce moment, il y a la crise, mais c’est passagère.”
Ob nom Enn vum Congé collectif keng staatlech Hëllefsmesurë fir de Bausecteur méi néideg wäerte sinn, ass nach onkloer. De Max Didier weist sech alt mol optimistesch.
RTL-News: Premier Frieden annoncéiert Mesuren Et soll nees Schwong an de Wunnengsbau kommen