
D’Offer vun der Wanteraktioun um Findel gëtt gebraucht, mä d’Strukturen, déi fir d’Leit geduecht sinn, déi keen Dag iwwert dem Kapp hunn, sinn net iwwerlaascht.
Deemno sinn an der Moyenne eng 113 Leit iwwert Nuecht an den Dortoiren am neie Gebai logéiert,disponibel sinn eng 250 Better.
Wärend dem éischte Mount wou d’Wanteraktioun op war, loung den Occupatiounstaux bei 40%, tëscht Dezember a Mëtt Januar du bei 51%.
En zweet Gebai, dat fir Urgencë geduecht ass, a wou eng 40 Leit kënnen opgeholl ginn, ass aktuell d’Isolements-Capacitéit fir Covid-positiv Sans-Abrien.
D’Konklusioun fir d’Familljeministesch Corinne Cahen ass domat kloer: d’Offer geet largement duer, d’maximal Capacitéit vun de Better gouf ni areecht.
Dat schreift d’DP-Ministesch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun der Deputéiert Myriam Cecchetti vun Déi Lénk.