Uni LëtzebuergStudenten entwéckele Léiervideoe fir de Fondamental

Christophe Hochard
D'Studente vun der Uni.lu realiséiere verschidde Videoclippen an de Fächer Mathé an an de Sproochen, fir de Schüler am Fondamental eng Stäip ze ginn.
Studente maache Videoe fir Schüler
Unhand vun dëse Videoe sollen d'Kanner Mathé an d'Sprooche méi no bruecht kréien.

Zenter Mëtt Mäerz ass keng Schoul méi fir d'Schüler aus dem Fondamental. Nach bis de 25. Mee ginn d'Coursen op Distanz gehalen.

D'Studente vun der Uni um Belval realiséiere verschidde Videoclippen an de Fächer Mathé an an de Sproochen, fir de Schüler aus den eenzele Cyclen eng Stäip ze ginn

Verschidde Studenten aus dem 3. Joer op der Uni um Belval wëlle spéider Schoul halen. Si selwer hunn aktuell Coursen a schaffen trotzdeem op Héichtouren.

De Quartett vum Mara, Noémie, Joanna a Gil realiséiert Videoen an de Schoulfächer Mathé, Däitsch a Franséisch. Filmen a schneiden. Dëst ass Neiland fir si.

D'Mara an de Gil schaffen aktuell un engem Mathésexercice. Et geet drëms, de Kanner aus dem Cycle 4.2. d'Form vun engem Wierfel z'erklären. Fir dëse Video illustréiert ze kréien, brauchen déi zwee vill Material, e gudde Fotoapparat a vill Gedold.

Wärend de Gil déi eenzel Biller fir de Clip filmt, këmmert sech d'Mara ëm den textuellen Deel. Iwwer hiren Handy hëlt d'Studentin vu Bierden duerno d'Erklärungen zum Video op.

Normalerweis wären d'Studenten den Ament am Stage. Si géifen also selwer Schoul halen. Wéinst der sanitärer Kris geet dëst aktuell jo net. De prakteschen Deel vun hirem Studiejoer huet also missen eng aner Nues kréien.

D'Mara, d'Noémie, d'Joanna an de Gil ware ganz fläisseg. D'Videoen zu den eenzelen Themen hunn am Schnëtt eng Durée vu 6 Minutten.

Back to Top
CIM LOGO