A Juncker-Zäiten haten nach bal 70 Prozent Vertrauen an d’Regierung, ewell sinn et 51 Prozent. D’Oppositioun kënnt nach méi schlecht ewech mat grad emol 31 Prozent. Gewerkschaften a Patronat schneiden net vill besser of mat 39, respektiv 37 Prozent.
Wat seet eis dat, war d’Fro un den Tommy Klein vun TNS-Ilres. “Et seet eis, dass d’Institutiounen den Ament ee Problem hunn an der Perceptioun vun de Leit. Virun allem, wann 51 Prozent vun de Leit Vertrauen an d’Regierung hunn an 39 Prozent keent, da muss ee sech d’Fro stellen, firwat dat esou ass. Spekuléiere kann een, dass eppes ze dinn huet mat der Deconnectioun vum ganze politesche System, wou d’Leit manner Interessen hunn un deem, wat wierklech an de Parteie geschitt a sech manner mat de Parteien identifizéieren”.
Am Sondage koume mer net laanscht de Krich an der Ukrain. An do gëtt et de Leit heiheem baang, dass dee Krich sech geschwënn net op d’Ukrain wäert limitéieren.“D’Suerge vun de Leit, déi een am Mäerz konstatéiert huet, bleiwen d’selwecht, och fir den Ausbroch vun engem drëtte Weltkrich, wou gutt d’Hallschent vun de Leit fäerten, dass esou eppes kuerzfristeg kéint antrieden.”
Dowéinst goufen d’Leit och gefrot, ob si der Meenung wieren, datt méi ëffentlech Gelder sollten an d’Arméi fléissen, wéi dat jo ënner anerem eis däitsch Nopere schonn decidéiert hunn. Knapp iwwert d’Hallschent vun de Befroten hu sech da fir esou en Investissement ausgeschwat.
Wat d’ukrainesch Flüchtlinge betrëfft, ass et dëse Constat: “Do hu mer eng Majoritéit vun de Leit, déi mengen, d’Flüchtlinge sollen no enger Integratiounsphas selwer decidéieren, ob se zeréck an hir Heemecht ginn oder och net.”
Onëmgänglech war de Sujet Corona. Bal dräi Véierel vun de Leit begréissen, dass déi sanitär Restriktioune gréisstendeels opgehuewe gi sinn.
“Wann een dobausse kuckt, gesäit een eng grouss Freed, dass dës Mesuren opgehuewe gi sinn. Wat mech iwwerrascht huet, ass, dass trotz dëse Freed just een Drëttel vun de Leit iwwerzeegt ass, dass mer um Enn vum Joer d’Pandemie iwwerstanen hunn.”