Go Red for WomenSymptomer vun engem Häerzinfarkt bei Frae sinn anerer wéi bei Männer

Fanny Kinsch
Dat ass ee vun de Messagen, deen d'Professer Dokter Vera Regitz-Zagrosek de Leit op enger Konferenz am Spidol um Kierchbierg mat op de Wee ginn huet.
Go Red for Women
Fraen a Männer si medezinnesch gesinn ënnerschiddlech. Beim Traitement vu Krankheete gëtt dat mëttlerweil och ëmmer méi dacks a Betruecht gezunn.

D’Konferenz gouf vum nationalen Häerzzenter, dem INCCI an der Amicale vun de Patienten aus dem Häerzzenter, organiséiert. Et goung drëms, fir um internationalen Dag “Go Red for Women” op de Risiko vun Häerzkreeslafkrankheete bei Fraen opmierksam ze maachen.

“Déi meescht Frae sinn nach ëmmer der Meenung, datt Broschtkriibs hire wichtegste Gesondheetsrisiko ass, dat ass awer net esou. Déi meescht Frae stierwen un Häerzkreeslafkrankheeten.”

Dat ënnersträicht d’Vera Regitz-Zagrosek, si ass Spezialistin fir Kardiologie a Seniorprofessorin an der Charité zu Berlin an op der Universitéit zu Zürich. Si appelléiert un d’Frae Cardiovaskulärkrankheeten als Risikofacteur eescht ze huelen an dat fänkt bei de Symptomer un. Dat sinn nämlech net déi selwecht wéi bei Männer an dofir géife Fraen dacks ze spéit medezinesch Hëllef sichen. E klassescht Beispill wier den Häerzinfarkt.

“D’Männer hu bal ëmmer Drock lénks am Broschtkuerf an en zitt an de lénksen Aarm. Bei Frae kënnen d’Symptomer vill méi wäit am Uewerkierper verdeelt sinn. D’Péng ka virun allem am Réck sinn oder op der rietser Säit am Uewerkierper, mä och an den Zänn am Genéck a Fraen sinn dacks extrem midd oder hu Schweessausbréch.”

Datt d’Fraen esou e grousse Risiko fir Häerz-Kreeslafkrankheeten hunn, läit nieft de klassesche Risikofacteure wéi Fëmmen, Iwwergewiicht oder Diabetes ënnert anerem um Stress, an deen hätt eng aner Wierkung op de weibleche wéi op de männleche Kierper.

“Et gëtt bei Fraen eng Häerz-Gehier-Immunologie-Achs. Dat heescht et gëtt eng Verbindung tëschent Stress, dee sech am Gehier bemierkbar mécht, enger Aktivatioun vum Entzündungssystem an Häerzkrankheeten, déi méi Männer däitlech méi kleng ausgepräägt ass.”

Fraen hätten däitlech méi Stress, net zu Lescht wéinst der duebeler Belaaschtung vun Aarbecht a Famill. Si dierften allerdéngs net vergiessen, datt och hir Gesondheet wichteg ass.

“Ech mengen dat ass ganz wichteg, datt d’Frae soen, ‘meng Gesondheet ass och wichteg’. Normalerweis këmmeren d’Frae sech ëm d’Kanner, ëm d’Grousselteren, ëm d’Kichen, ëm d’Kaz, ëm den Hond, ëm de Mann, mä am mannsten ëm sech selwer. Dat Bewosstsinn fir ze soen, ‘och ech ka krank sinn an ech muss mech ëm meng eege Gesondheet këmmeren’, muss sech bei de Fraen nach méi verbreeden.”

D’Vera Regitz-Zagrosek gëllt als Pionéierin an der Gender Medezin a plädéiert dofir, datt ee scho bei der Entwécklung vu Medikamenter an Therapië méi de weibleche Kierper berécksiichtegt.

Och Déierentester géifen nämlech zu 80 Prozent u jonke männleche Mais gemaach ginn an do géif een eebe Substanze fannen, déi virun allem Männer hëllefen.

Häerzinfarkt bei Fraen - D’Symptomer ginn dacks ze spéit erkannt (16.1.23)

Back to Top
CIM LOGO