VerwaltungsgeriichtTaxischauffer géint François Bausch

RTL Lëtzebuerg
A sengem juristesche Sträit mam Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister huet en Taxichauffer an 1. Instanz um Verwaltungsgeriicht Recht kritt.
© RTL

Den Tribunal administrativ huet dem Mann säi Recours géint eng Decisioun vum François Bausch nämlech als fondéiert ugesinn.

Taxischauffer géint François Bausch - Rep. Eric Ewald

Déi Decisioun vu Mäerz zejoert wär dofir ze reforméieren an dem Mann d'Erneiere vu senger Kaart als Taxichauffer zouzegestoen. Den Dossier misst zréckgoe bei de Minister an de Staat hätt keng Indemnité de procédure zegutt, mä misst fir d'Fraen opkommen.

Bis Mëtt Februar zejoert war de Mann Titulaire vun enger Kaart als Taxichauffer, an zwou Wochen drop hat hie gefrot, fir déi Kaart erneiert ze kréien. De François Bausch hat déi Demande de Mount drop awer refuséiert, well am Casier judiciaire eng Prisongsstrof stoung wéinst enger Infraktioun zum Drogegesetz, déi inkompatibel wär mat engem Artikel vum Taxisgesetz. De Mann war am Juni zejoert op d'Verwaltungsgeriicht gaangen, fir d'Decisioun vum Minister annuléiert oder reforméiert ze kréien. An der Sëtzung hat de Mann erkläert, dass et 2015 zu senger definitiver strofrechtlecher Veruerteelung fir d'Faiten aus de Joren 2012 an 2013 koum, ier d'Taxisgesetz also a Kraaft getrueden ass; fir de Mann wären Inscriptiounen an de Casier do virdrun net a Betruecht ze zéien. Donieft wäre seng Kompetenzen a seng Honorabilitéit ni a Fro gestallt ginn a wär et och net ze verstoen, dass him eng Taxislizenz op Grond vum Gesetz refuséiert gouf, wougéint him op Basis vun deene selwechte Kritären d'Kaart als Taxichauffer ausgestallt gi war; zanter 2012 wär hien och net méi condamnéiert ginn a géif e gereegelt Liewe féieren. Dem Staat no géif de Mann d'Honorabilitéitskonditiounen dogéint net erfëllen, well hie wéinst där Infraktioun zum Drogegesetz zu enger Prisongsstrof vun zwee Joer veruerteelt gouf. Op Grond vun där Condamnatioun hätt de François Bausch zu Recht zréckbehalen, dass de Mann den Honorabilitéitskonditiounen net entsprieche géif.

Déi 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass de Mann e puermol vun enger Taxislizenz geschwat, u sech awer eng Kaart als Taxichauffer gemengt hätt; d'Analys vum Tribunal géif deemno ëm d'Ausstelle vu Kaarten als Taxichauffer dréien. De Mann wär am Mee 2014 op der Cour d'appel zu enger Prisongsstrof vun zwee Joer, mat deelweis Sursis, an zu enger Geldstrof veruerteelt ginn, dat wéinst dem onerlaabte Verkaf vun Drogen: Tëscht Februar 2017 a Februar 2018 wär hien awer Titulaire vun enger Kaart als Taxichauffer gewiescht. De Minister hätt deemno am Februar 2017 fonnt, andeems hien dem Mann déi Kaart ausgestallt huet, dass deen d'Honorabilitéitskonditiounen erfëlle géif, trotz der Condamnatioun vu Mee 2014. Et géif aus kengem Element, dat dem Tribunal virlouch, ervirgoen, dass de Mann, zanter dass hien d'Kaart als Taxichauffer krut, strofrechtlech veruerteelt gouf; et wär deemno falsch gewiescht, dass de Minister gemengt huet, de Mann géif d'Konditioune vum Gesetz net méi erfëllen. D'Decisioun vum Minister wär dowéinst ze reforméieren an dem Mann d'Erneiere vu senger Kaart als Taxichauffer zouzegestoen. D'Demande vum Staat, fir eng Indemnité de procédure ze kréien, wär iwwerdeems als net fondéiert zréckzeweisen.

Back to Top
CIM LOGO