SonndesfroMéi Sécherheet, méi Klimaschutz, manner Immigratioun

Céline Eischen
Kevin Kayser
Am Kader vun der Sonndesfro goufen d'Leit net just no hire partei-politesche Preferenze gefrot, mä kruten och siwen Zousazfroen zu aktuelle Sujete gestallt.
Eng Illustratioun, déi dräi vun den Themen an der Sonndesfro vum Oktober 2026 bildlech soll duerstellen.
Eng Illustratioun, déi dräi vun den Themen an der Sonndesfro vum Oktober 2026 bildlech soll duerstellen.
© RTL Grafik

Klima, Spritpräisser a Bëschbränn

Wéinst der aktueller geopolitescher Lag an der Inflatioun koum et jo am Fréijoer zu der Tripartite: Ënnert anerem gouf decidéiert, d'Präisser vu Bensinn an Diesel ëm 5 Cent de Liter ze reduzéieren. Dës Mesure leeft Enn des Joers aus, ma 76 Prozent vun de Befrote géif sech wënschen, datt se am Fall vun ze héije Präisser verlängert gëtt. Am meeschten Zoustëmmung gouf et dofir bei den ADR-Wieler, bei deene Grénge gouf et déi niddregst Zoustëmmung mat 55 Prozent, also awer nach ëmmer eng Majoritéit. Interessant ass och, datt den héchsten Zoustëmmungstaux vun de Wieler aus dem Norde koum mat 82 Prozent, den niddregsten Taux war ënnert de Wieler aus dem Zentrum mat 68 Prozent.

De Wonsch no méi bëllegem Sprit hält d'Wieler awer wéi et schéngt net dovun of, sech och méi Klimaschutz ze wënschen. Eng ganz breet Majoritéit ënnerstëtzt nämlech méi staatlech Investitiounen an d'Natur. No de waarmen an dréchene Summerméint waren 90 Prozent vun de Befroten der Meenung, datt méi Suen an d'Natur an un d'Upassung un de Klimawandel misste fléissen, dat duerch méi Beem, Gréngflächen oder d'Renaturéierung vun de Flëss. Déi meeschten Zoustëmmung huet dës Fro bei de Wieler vun "Déi Lénk" kritt, vun deenen 99 Prozent d'Ausso ënnerstëtzen. Bei der CSV ware 14 Prozent net mat dëser Ausso averstanen, wat den héchsten Taux op där Säit ass. Beim Alter läit den Zoustëmmungswäert iwwerall bal änlech, mat am wéinegsten (88 Prozent) bei de Wieler tëscht 35 a 44 Joer an deen héchste (92 Prozent) bei de Leit tëscht 45 a 54 respektiv 55 a 64.

Ma och no de ville Bëschbränn uechter Europa an dësem Summer hu 77 Prozent sech gewënscht, datt de Staat méi a Läschhelikopteren oder Läschfligere sollt investéieren. Op d'Regioun gekuckt kënnt dës Fuerderung am meeschte vun de Wieler aus dem Norde vum Land mat 84 Prozent. Bei all den anere Walbezierker leie mer bei 74 Prozent vun de Leit, déi sech dofir ausschwätzen. Dëst kéint een op déi rezent uerg Bëschbränn am Héije Venn an der Belsch zeréckféieren, wou et jo just e puer Kilometer vun der Grenz ewech e schwéiert Feier gouf.

Muss méi fir d'Sécherheet gemaach ginn?

De Sujet Sécherheet beschäftegt d'Wieler, dat geet däitlech aus de Resultater ervir: 87 Prozenter vun de Befrote sinn der Meenung, datt de Staat, d'Police an d'Justiz méi streng géint Persoune virgoe sollen, déi fir Onrou suergen. 62 Prozent sinn esou guer "ganz averstanen". D'Zoustëmmung ass an de véier Walbezierker änlech héich. Wat d'Wieler vun de Parteien ugeet, déi an der Chamber vertruede sinn, esou sinn d'Zoustëmmungswäerter vun ADR-, CSV- an DP-Wieler iwwer 90 Prozent, bei der LSAP sinn et 83 Prozent an de Pirate 84 Prozent, bei deene Grénge 70 Prozent a bei deene Lénken am niddregste mat 53 Prozent.  

Immigratioun a Walrecht fir Lëtzebuerger am Ausland

Eng Majoritéit vu 60 Prozent vun den 1.829 Befroten ass der Meenung, datt Lëtzebuerg d'Zouwanderung an den nächste Jore méi staark sollt limitéieren. Am héchsten ass hei d'Zoustëmmung ënnert den ADR-Wieler mat 90 Prozent, am niddregste bei deene Lénke mat 29 Prozent. D'Wieler vun de Regierungsparteien CSV an DP stëmmen och enger méi limitéierter Zouwanderung zou, nämlech 69 Prozent, respektiv 60 Prozent. Bei deene Gréngen an der LSAP läit d'Zoustëmmung ënner 50 Prozent, nämlech bei 42 Prozent respektiv 45 Prozent.

Eng gréisser Diskussioun ass aktuell och d'Walrecht fir Lëtzebuerger am Ausland. 30 Prozent vun all de Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit wunne jo am Ausland, dat si ronn 160.000 Persounen, déi deels nach ni am Grand-Duché gelieft hunn an awer d'Walrecht besëtzen. Brauch et do gesetzlech Upassungen? Den Ament schaffen déi verschidde Fraktiounen a politesch Sensibilitéiten hir Positiounen aus. An der Sonndesfro ass eng Majoritéit vu 65 Prozent allerdéngs net domat averstanen, datt Lëtzebuerger, déi nach ni am Grand-Duché gelieft hunn, bei Chamberwale solle wiele kënnen. Just 31 Prozent wieren domat averstanen, datt déi Leit weider d'Walrecht hunn. Bei kenger Partei, déi am Parlament vertrueden ass, gëtt et ënnert de Wieler bei dëser Sonndesfro eng Majoritéit, déi mam Walrecht fir Lëtzebuerger, déi nach ni hei gelieft hunn, averstane wier.

Déi siwent Zousazfro iwwer méiglech rietspopulistesch politesch Entwécklungen hei am Land hate mer Iech schonn en Dënschdeg presentéiert. Dës kënnt Dir hei noliesen:


Den Detail

1.829 walberechtegt Persounen hu bei der Sonndesfro matgemaach: Dës goufe vum 22. September bis den 2. Oktober souwuel online (680 Interviewen) wéi och iwwer Telefon (1.149 Interviewen) befrot. Matgemaach hu 523 aus dem Walbezierk Zentrum, 713 aus dem Süden, 318 aus dem Norden an 275 aus dem Osten.

D'Detailer sti wéi ëmmer och um Internetsite vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel Alia.lu oder hei am PDF:

PDF: Detailer zu der Sonndesfro (Oktober 2026)

Weider Themen zum Sujet

Back to Top
CIM LOGO