FindelTechnesche Problem verhënnert Landungen um Freideg de Mëtteg

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem technesche Problem waren e Freideg de Mëtteg ronn eng Stonn laang keng Landungen um nationale Fluchhafe méiglech.
© Olidom Multimedia

D'Meteo hätt zu enger Stéierung vum ILS, dem "instrument landing system", gefouert, esou de Fluchhafebedreiwer Lux-Airport op Twitter.

Tëscht 14.05 a 15 Auer wiere keng Landunge méiglech gewiescht. D'Starte ware vum Problem net betraff.

Eng Partie Flich goufen annuléiert oder deviéiert oder hate Retarden.

D'Departen an d'Arrivéeën.

Back to Top
CIM LOGO