
Gewarnt gëtt wéinst den héijen Temperature vu bis zu 35 Grad an och driwwer. Verschidde Meteo-Previsioune ginn dovun aus, dass et um Samschdeg a Sonndeg bis zu 38 Grad kënne ginn. Um Samschdeg kuerz no 14 huet Meteolux d’Warnung fir e Sonndeg aktualiséiert. Fir de Süde vum Land gëllt d’Alerte rouge, tëscht 10 an 21 Auer.
Procédure Alerte MeteoLux lancée le:08/08/2020 à 14:06:39.
Vigilances MeteoLux: Alerte Rouge. Grande chaleur température maximale supérieure à 35 degrés celsius, pour le sud du pays. Valide pour l’échéance du: 09/08/2020 10:00 au 09/08/2020 21:00.

Ma nom Weekend ass et nach net gedoe mat der Hëtzt. Och déi Deeg dono bleift et extrem waarm an dat eent oder anert Donnerwieder ass och méiglech.

Wee wëlles hat elo spontan de Weekend op de Stauséi ze fueren, fir sech do e bëssen ofzekillen, deem sief gesot, dass do d’Plaze schonn all ausgebucht sinn. Ween also nach keng Reservéierung gemaach huet, muss sech no enger Alternativ ëmkucken.
Plagen um Stauséi fir de Weekend schonn ausgebuchtWéinst den aktuelle Wiederkonditiounen, kéint och den europäeschen “seuil d’information” fir Ozonwäerter vun 180 µg/m3 an den nächsten Deeg erreecht ginn.
Déi aktuell Ozonwäerter op www.emwelt.luMéi Informatioune fannt Dir hei am Schreiwes vum Ëmweltministère.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.
Artikel: Denkt drun genuch ze drénken an op eeler Leit opzepassen