
De Premier Xavier Bettel hat den ukrainesche President opgefuerdert sech perséinlech mam Vladimir Putin ze treffe fir Friddensgespréicher. Verhandlunge géife réischt Sënn maachen, wa Russland geschwächt wär, seet d’Emine Dzhaparova.
D’Ukrain géif all Geleeënheet wouer ze huelen, déi zum Fridde féiere kéint, verséchert di ukrainesch Spëtzepolitikerin am RTL-Interview. Mee Friddensverhandlungen dierften net eesäiteg op Käschte vun der Ukrain goen. Déi territorial Integritéit wier helleg.
«Well wann een territorial Integritéit a Fro stellt, da kënne mer d’territorial Integritéit vu jidder anerem europäesche Land a Fro stellen. De Putin wäert dat sécher maachen.»
D’Ukrain wéilt sech näischt uneegnen, just den Territoire, deen hir gehéiert, an dee se op barbaresch Aart a Weis geklaut kritt hätt, zréckkréien, betount d’Emine Dzhaparova.
«Den eenzege Wee Russland un e Verhandlungsdësch ze bréngen, ass et ze schwächen. All anere Versuch gëtt als Schwächt ugesinn.»
Op d’Fro, ob de Präis u Mënscheliewen an Zerstéierung net ze héich wier, fir den Donbass an d’Krim zréck ze erueweren, seet d’ukrainesch Vize-Ausseministesch: «82% vun den Ukrainer wëllen net opginn. Mir hunn dausende Männer, déi Schlaang stinn, fir territorial Verdeedegungsunitéiten an der Arméi bäizetrieden. Dat ass eng weider Demonstratioun, datt d’Leit net bereet sinn opzeginn.»
1. Deel vum Interview mam Emine Dzhaparova: “Ech hat geduecht, et wär déi schwéierst Zäit...”