4 Méint no Brand zu KeelTëscherapport: Gas an der Kiche wier vergiess ginn zouzedréien

Christophe Hochard
Um Donneschdeg sinn et genee 4 Méint hier, dass bei engem Brand zu Keel en Haus komplett ofgebrannt ass an ee Kand dobäi ëm d'Liewe koum.
© RTL Archiv

RTL-Informatiounen no géif en Tëscherapport vum Hausbrand virleien. Aus dësem géif ervirgoen, datt duerch perséinlech Schold d’Feier um Moie vum 6. Dezember 2022 am Haus ausgebrach wär. De Gas an enger Kiche wär vergiess ginn zouzedréien. An dësem Rapport géif awer net preziséiert ginn, bei wéi enger Famill an der Kichen dëst geschitt wär. Op Nofro hin huet de Parquet d’Informatioun net kommentéiert.

Beim Feier op Niklosdag ass deemools e klenge Bouf vu 6 Joer gestuerwen. Déi betraffe Famill wunnt zanter ronn 3 Wochen an enger neier Wunneng zu Esch. Am Ganze sechs Familljen hunn am eelere Gebai gewunnt an hu misse relogéiert ginn. Nach ëmmer hätt eng Famill keen neit Doheem.

Back to Top
CIM LOGO