Gouvernance vun der UniHéichschoulministesch versprécht weider en Audit, mee och Consultatiounen

François Aulner
Bei der Uni goufen déi lescht Méint eng Rei Mëssstänn gemellt. Graff resuméiert: e schlecht Aarbechtsklima a Kritik un den interne Prozeduren.
D'Ministesch Stéphanie Obertin op Visitt zu Osaka am Summer 2025.
© SIP/Emmanuel Claude

"Esou oder sou kënnt en Audit" vun der Gouvernance vun der Uni Lëtzebuerg. Dat sot eis d’Digitaliséierung- an Héichschoulministesch Stéphanie Obertin dësen Donneschdeg, nodeems een e Méindeg gewuer gouf, datt de Ministère no zwou Ausschreiwungen keng Offer krut, fir d'Uni ënnert d'Lupp ze huelen. Wat gesetzlech Upassungen ugeet, géingen et zwou Etappe ginn, mee och Consultatioune vun de Leit um Terrain.

Bei der Uni goufen déi lescht Méint eng Rei Mëssstänn gemellt. Graff resuméiert: e schlecht Aarbechtsklima a Kritik un den interne Prozedure bei Nominatiounen oder Projeten. Puer kleng Upassunge goufen intern schonn ënnerholl, mee domadder soll et net gedoe sinn. D'Uni huet een eegenen Audit an Optrag ginn – en ass an der Maach – an d'Regierung wollt nach een eegene complementaire Audit maache loossen, fir ze kucken, ewéi se de gesetzleche Kader vun der Uni nach eventuell misst nobesseren.

Deen Exercice wäert elo daueren an dowéinst huet d'Ministesch zwou Etappen ugekënnegt: déi zweet fir eventuell Recommandatiounen vun den Audite ëmzesetzen an eng éischt Phas "zäitno" scho fir de Regierungsprogramm ëmzesetzen. Dee gesäit ënnert anerem vir, datt Programmer vun der Uni unerkannt oder akkreditéiert ginn, oder nach eng nei Educational School, déi Enseignanten fir de Fondamental soll ausbilden an déi laang viséiert Erweiderung vun der Offer vu Studien an der Medezin.

D'Leit um Terrain

De Regierungsprogramm ass also eng Saach, d’Gouvernance eng aner. Fir déi eventuell ze reforméieren, huet d’Stéphanie Obertin also och iwwert den Auditen eraus Consultatiounen mat de Leit um Terrain ugekënnegt. Si wéilt deem net virgräifen, well an hiren Ae "jidderee" soll kënne seng Meenung soen.

Bis Enn d'nächst Joer ass ee vum Terrain de Rektor vun der Uni Lëtzebuerg. De Jens Kreisel huet selwer ugekënnegt, net méi e weidert Mandat unzestriewen. D’Stéphanie Obertin vertraut do der Prozedur, fir en Neien ze fannen, esou ewéi se elo ass. En neutrale Gremium mat Experten géing e Profil ausschaffen.

Firwat eigentlech keen eng Offer gemaach huet bei den zwee Appeller fir en Audit vum Héichschoulministère, wéisst d’Stéphanie Obertin iwweregens net. Beim éischten Appell hätt ee Réckmeldunge kritt, fir ze soen, wou Problemer kéinte leien. Nodeems de Cahier des charges ugepasst gouf, huet sech du guer kee méi gemellt. Bei wéi engen Auditfirmen den Héichschoulministère ugeklappt huet, wollt d’Stépanie Obertin nach net verroden. Si huet awer d'Stéchwierder Qualitéit a Neutralitéit genannt an datt et eng Firma am Ausland wäert sinn.

Liest hei weider Artikelen zu dësem Sujet

Back to Top
CIM LOGO