
Dat huet d’Stéphanie Empain an der Chamber betount. D’Deputéiert vun déi Gréng hat ugangs Mäerz d’lescht Joer eng Interpellatioun iwwert d’Perspektive vum Tourismussecteur am Kontext vun der Pandemie ugefrot an déi hat et elo, also 15 Méint méi spéit, och op den Ordre du jour gepackt.
Dacks gëtt den Tourismussecteur verkannt, fënnt d’Stéphanie Empain, mä e wier e wichtegt Standbeen. 2019 hätt e méi wéi 30.000 Leit eng Aarbechtsplaz gebueden an 8,9 Prozent vum PIB ausgemaach.
An de leschten zwee Joer hunn d’Reesgewunnechte vun de Leit sech geännert. D’Nohaltegkeet géif méi eng grouss Roll spillen, esou d’Stéphanie Empain, déi der Meenung ass, datt een dorop reagéiere muss.
“Ech mengen de Secteur ass sech der Thematik bewosst, trotzdeem muss een allgemeng feststellen, datt d’Industrie nach an enger zögerlecher Tëschepositioun ass. Datt et e Wandel muss ginn, schéngt sech etabléiert ze hunn, nëmmen de konkrete Wee dohinner ass nach net iwwerall sou kloer gezeechent.”
Seet d’Deputéiert vun déi Gréng, déi an hirer Interpellatioun awer och op déi nei Tourismusstrategie verwisen huet, mam Titel “Mënschen, Regiounen an Ekonomie”.
De Felix Eischen vun der CSV huet sech méi eng kloer Strategie mat enger regionaler Dimensioun gewënscht, méi Publicitéit fir déi ländlech Regiounen an der Stad. Donieft huet hie mat der Digitaliséierung eng weider Erausfuerderung fir den Tourismus ugeschwat.
“D’Konkurrenz schléift net a grad an der Tourismusbranche huet sech d’Digitaliséierung beschleunegt an hei musse mer mathalen. Och a grad wa mer op där anerer Säit éischter luesen an doucen Tourismus ubidden. Och eis Hotelle mussen hei nozéien. Ech denken un den digitalen Check-in oder online Reservéierunge bei de Restauranten. Grad hei dierf ee kleng a mëttel Betriber net eleng loossen. Dat gëllt allgemeng am digitale Beräich, mä et gëllt besonnesch an der Tourismusbranche.”
Eng Remark, op déi de Lex Delles, de liberale Minister fir d’Classes moyennes an den Tourismus reagéiert huet.
“Dir hutt gesot, et misst méi an der Digitaliséierung gemaach ginn, ma eben! Dat ass eng Kärmissioun, déi mer hunn a wou mer ganz vill dru geschafft hunn. Et gëtt eng national App. Ech kann Iech berouegen, déi kënnt der schonn zënter engem Joer eroflueden. “Visit Luxembourg” heescht se. Dat ass am Fong e Reesbegleeder duerch ganz Lëtzebuerg.”
De Lex Delles war och no der Taxe de séjour gefrot ginn, géint déi sech de Privatsecteur wiert. Op nationalem Plang, berouegt de Minister, kéim dat mat där hei Regierung net a Fro.