"Et géif kee Grond ze panikéieren, mä et misst een awer vigilant bleiwen", esou d'Denise Voss, d'Presidentin vun der ALFI, e Mëttwoch de Moien op der Pressekonferenz der Lëtzebuerger Associatioun vun der Fongenindustrie.
Et ass déi éischte Kéier zënter 2011, dass d'Lëtzebuerger Fongenindustrie e Minus vun 2,28% vun dem Verméigen, wat hei am Land verwalt gëtt, verzeechent. Dat geréiert Gesamtverméigen bleift awer relativ stabel an héich bei 4.065 Milliarden Euro, trotz der Volatilitéit vun de Marchéen.
Domat bleift Lëtzebuerg weiderhin d'Nummer 1, wat Fongen an Europa ugeet, an d'Nummer 2 weltwäit no den USA. Am Koalitiounsprogramm vun der Regierung wären och eng ganz Rei vun de Prioritéite vun der ALFI zréckbehale ginn, ausser déi, vun der Reduktioun vun der Taxe d'abonnenement. Hei hätt d'Regierung nëmmen annoncéiert, déi net z'erhéijen.
Effort missten awer hei gemaach ginn, esou de Camille Thommes, de Generaldirekter vun der ALFI, dat am kollektiven Interêt fir weiderhin e kompetitive Standuert ze hunn. Taxe d'abonnement gëtt et a kengem anere Land vun der EU.