Am Joer 2021Trotz Pandemie 3.400 Millionäre méi zu Lëtzebuerg

Monica Camposeo
Diana Hoffmann
Zejoert war e gutt Joer fir Millionären, dat ass d'Conclusioun aus dem World Wealth Joresrapport vu Capgemini.
Trotz Pandemie 3.400 Millionäre méi zu Lëtzebuerg
Zejoert war e gutt Joer fir Millionären, dat ass d’Conclusioun aus dem World Wealth Joresrapport vu Capgemini.

Op d’mannst emol war et fir vill vun hinne positiv aus finanzieller Siicht. Och zu Lëtzebuerg ass d’Zuel vun de Leit, déi iwwer 1 Millioun Dollar u Verméigen hunn, eropgaangen.
D’lescht Joer haten hei am Land iwwer 7 Prozent vun de Residenten e Verméige vu méi wéi enger Millioun Dollar. Bei dëser Rechnung ass déi éischt Wunneng emol net inclus. An Zuele schwätze mer hei vu 46.200 Persounen, déi am Schnëtt e Verméige vun 3 Milliounen Dollar hunn.

Wouraus si, am Géigendeel zu de 5,7 Milliounen Dollar-Millionären europawäit, en gutt Partie vun hirem Räichtum zéien, erkläert de Ben Weekers, Direker vu Capgemini Invent zu Lëtzebuerg an an der Belsch.

Zu Lëtzebuerg gëtt et, par Rapport zum Rescht vun Europa, e groussen Effet duerch de Präis vun den Immobilien. Dës representéieren e méi groussen Deel vum Verméigen am Portfolio vun de Millionären. D’Präisser sinn an de leschten 2 Joer staark geklommen. Dëst féiert zu enger e bëssi méi héijer Croissance um Niveau vum Verméigen a vun der Unzuel vun den Dollar-Millionären hei am Land.

D’Covid-Kris huet d’Präisser um Wunnengsmaart déi lescht 2 Joer nach weider ugeheizt. Den Aktiemaart, dee kuerzfristeg agebrach war, hat sech nees séier erholl. Fir Investissementer wier et global gesinn en extrem gutt Joer gewiescht, heescht et.

Festgehalen am Rapport gouf awer och, datt net all Kontinent esou gutt performt huet wéi Europa oder Nordamerika. An Nordamerika gouf dee gréisste Wuesstem un Dollar-Millionäre verzeechent. Bis 2019 war dës Poleposition ëmmer Asien virbehalen, betount de Ben Weekers:

Et ass virun allem wéinst dem Covid. De Fait, datt China vill méi restriktiv virgeet, wéi Europa oder Nordamerika, mat Lockdownen, déi et och den Ament nach en place sinn. Millioune vu Leit, déi nach an de Stied agespaart sinn. Dat féiert natierlech dozou, datt déi ekonomesch Aktivitéit gestoppt gëtt. An dës ass den Haaptfacteur, datt de Räichtum an d’Luucht geet.

Nieft dësem Changement, ausgeléist duerch d’Pandemie, gëtt awer schonn zanter längerem beobacht, datt vill vun den neie Millionären ëmmer méi jonk ginn an aner Besoinen hunn. Op dës wëll Capgemini reagéieren, wat ee vun de Grënn ass, wisou d’Entreprise all dës Informatioune sammelt an an engem Rapport verschafft.

Mir maachen och Recherchen iwwer Banken, Assurancen, Fintech. Mir sinn net nëmmen eng IT-Societéit, mee maachen och Business-Consulting. Dofir probéiere mir mat eise Clienten ze schwätzen. Dat sinn Assurancen a Banken. Esou kënne mir hinnen hëllefen, gutt Decisioune fir d’Zukunft ze huelen.

Hëllef fir eng besser Betreiung vu Leit mat Suen also.

Zanter 26 Joer gëtt de Rapport da scho publizéiert. Ervir geet dorausser nach, datt et ënner de 7,9 Milliarde Mënsche weltwäit 22,5 Milliounen Dollar-Millionäre ginn. Dat sinn der 4,3 Mol méi wéi nach 1997, mat 5,2 Milliounen deemools. Vun 2020 op 2021 ass d’Zuel vun den Dollar-Millionäre weltwäit ëm 7,8 Prozent an d’Luucht gaangen.

Déi meescht Dollar-Millionäre si wéi gesot zejoert an Nordamerika dobäikomm, mat engem Plus vun 13,2 Prozent. Mat der Croissance vu 6,7 Prozent huet Europa Asien depasséiert. Déi meescht Millionäre sinn a Länner wéi Dänemark, Frankräich an awer och hei zu Lëtzebuerg dobäikomm. Ze verdanke wier déi gutt finanziell Situatioun vu verschidde Leit hei am Land awer och deem staarke Wuesstem vum PIB zejoert, ënnersträicht de Ben Weekers.

Link: Liest hei de ganze Rapport

Back to Top
CIM LOGO