Wie mat senge finanzielle Mëttelen um Limitt lieft, riskéiert ëmmer méi op Hëllef vun den Epiceries sociales ugewisen ze sinn. Hei gëtt eng Hausse vu Clientë festgestallt, genausou, wéi dat och an den Offices sociaux de Fall ass.
Bis zu 30 Famillje gi pro Dag duerch d’Dier vun der Epicerie sociale zu Déifferdeng. Leit, vun deenen déi meescht schaffen oder de Revis kréien. D’Präisdeierecht spiere si am Alldag ëmsou méi. Zanter iwwer 10 Joer ass d’Teresa Miranda Gerante am klenge Buttek vun der Croix-Rouge. Si huet an de leschte Wochen a Méint gemierkt, datt d’Leit hiren Akafskuerf e bëssi manner géinge fëllen. Dat, well och am Buttek d’Präisser erop ginn.
Wien awer keng finanziell Mëttel huet, kritt d’Produiten an der Epicerie sociale gratis. Ier d’Leit do kënnen akafen, musse si am Office sociale vun der Gemeng passéieren, wou si doriwwer eraus Berodung an Hëllef bei administrativen Aufgabe kréien. Am Office social wieren et deels nei Leit, déi iwwert déi lescht Méint ëm Rot gefrot hunn.
Waren et soss nach éischter déi Leit “ënnen um finanzielle Bord”, esou wier elo och ëmmer méi eng “Classe moyenne” betraff. Mat de Fraisen, déi op si duerkommen, géingen och si ëmmer méi un hir Limitte geroden. “Dat heescht, eng nei Clientèle, déi bis elo net do war, déi awer villäicht fréier oder spéider ëmmer méi bei eis wäert ukommen”, betount de Jean-Paul Reuter, Chef vum Office social vun Déifferdeng.
Domat sinn dann och d’Mataarbechter an den Offices sociaux ëmmer méi gefuerdert. De Gros vun hirer Aarbecht mécht d’Berodung aus. Een Drëttel vun de Clientë brauche finanziell Hëllef, sief et fir eng Gas- oder eng Doktesch-Rechnung ze bezuelen, oder hire Loyer. Deemnächst kéinten d’Ufroen nach weider an d’Luucht goen.
“D’Leit versichen natierlech e Maximum, mat de Moyenen, déi se hunn, iwwert d’Ronnen ze kommen. Mee iergendwann sinn déi opgebraucht, an da sinn natierlech d’Offices sociaux do, fir ze hëllefen. D’Leit sollen net fäerten, wann et net méi duergeet um Enn vum Mount, fir bei d’Officen ze kommen. Mir sinn net den Aarmebüro. Mer sinn en Zerwiss, dee fir jiddereen do ass. Fir ze erméiglechen, datt d’Leit an der Dignitéit kënne liewen”, ënnersträicht de Jean-Paul Reuter.
Personalméisseg kéim een awer esou lues un d’Grenzen, soudatt manner Zäit pro Client géing bleiwen. Dorënner géing d’Qualitéit vun der Aarbecht leiden, bedauert de Jean-Paul Reuter. Ma och d’Problemer, virop am Beräich Logement, géingen ëmmer méi komplex ginn. An elo kënnt nach d’Hausse vun de Liewensmëttel- an Energiepräisser dobäi.