Wirtschaftlechen ImpaktUkrain-Kris mécht och Lëtzebuerger Betriber Suergen

Annick Goerens
An der Ukrain spëtzt sech d‘Lag ëmmer méi zou an dat huet och e wirtschaftlechen Impakt hei am Grand-Duché.
Ukrain-Kris mécht och Lëtzebuerger Betriber Suergen
An der Ukrain spëtzt sech d‘Lag ëmmer méi zou an dat huet och e wirtschaftlechen Impakt hei am Grand-Duché.

Aus Lëtzebuerger Siicht si virun allem Betriber aus dem Finanzsecteur an der Schwéier-Industrie concernéiert, déi aktuell an der Ukrain aktiv sinn, dorënner ArcelorMittal, Paul Wurth an d‘SES, déi elo mat Suerg op déi russesch Menace am Osten kucken.

Lëtzebuerger Firmen am Ukrain-Konflikt / Rep. Annick Goerens

Sanktioune géint Russland, Géigesanktioune géint de Westen, Material-Enkpäss, Liwwerketten, déi ënnerbrach ginn an och Energiepräisser, déi weider an d‘Luucht ginn. Dat sinn notamment déi gréisste Problemer, déi kéinten op Betriber mat Aktivitéiten a Russland oder an der Ukrain duerkommen. A besonnesch eng Suerg stécht do eraus, präziséiert d‘Cindy Tereba, Directrice vun den internationalen Affäre bei der Chambre de Commerce.

„Wat natierlech dramatesch wier, dat wier wann déi russesch Banke beispillsweis aus dem SEPA-System géingen erausgeholl ginn. Dat heescht, dat géing déi ganz Payementer beispillsweis fir Exporter an Importer ënnerbriechen. An domadder géing dann och wierklech de ganze Wueren-Austausch ënnerbrach ginn an zum Erleie kommen.“

Aktuell gëtt d‘Chambre de Commerce och net ganz vill sollicitéiert, wat de russeschen an den ukrainesche Marché ugeet, well d‘Betriber virbereet wären.

„Déi sinn eigentlech schonn zanter 2014 virbereet, well de Krisemodus jo schonn zanterdeem besteet. Dat heescht, si hunn hir Pläng an de Schief leien a si sinn am Fong op de Worst case virbereet. Et ass allerdéngs esou, dass de russesche Marché ëmmer e Marché war, deen d‘Betriber interesséiert huet. Och schonn no de Sanktiounen 2014 kréie mer reegelméisseg Ufroen, fir z‘exportéieren, fir Handel ze dreiwen an d‘Betriber, déi wënsche sech och wierklech, dass mer mat Missiounen an de Marché ginn an dass mer se do ënnerstëtzen, wat mer och maachen. […] Och de Reseau, dee mir sur place hunn, hu mer oprechterhalen. Dat heescht, déi Kontakter sinn eis wichteg an déi fleege mir och reegelméisseg.“

Aktuell sinn et 60 Betriber, mat deenen d‘Chambre de Commerce am Kontakt ass, déi um russesche Marché aktiv sinn. An et gëtt e Wonsch no méi politescher Stabilitéit a Sécherheet, confirméiert d‘Cindy Tereba.

„Et gëtt am Moment natierlech schonn eng Onsécherheet. Dat muss ee ganz kloer soen. Dat heescht, wann et e Wonsch un d‘Politik gëtt, da wier dat natierlech Deseskalatioun an och en Hierstellen nees vu Vertrauen an de Marché. Well et ass kloer, dass de Marché fir eis Betriber e wichtege Marché ass. Et ass e ganz grousse Marché an et ass eng Porte d‘entrée an de ganzen euroasiatesche Marché. Dat heescht, net nëmme Russland, mee och wäit doriwwer eraus. A reng wirtschaftlech betruecht sinn dat riseg Opportunitéiten.“

Virausgesat déi politesch Situatioun léisst et zou an d‘Menacen un der ukrainescher Grenz halen op, da si souguer nach weider 145 Lëtzebuerger Betriber drun interesséiert, fir an Zukunft op de Marché z‘expandéieren, esou d’Directrice vun den internationalen Affäre bei der Chambre de Commerce, Cindy Tereba.

Back to Top
CIM LOGO