
En Donneschdeg géint der Mëtteg krut d'Police en Accident op engem Parking zu Nidderkuer gemellt, bei deem en Auto an eng Heck gefuer ass. Wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, huet de Chauffer am Auto geschlof. D'Beamten hunn e kontrolléiert an däitlech Unzeechen vun Alkoholkonsum festgestallt. De Chauffer huet refuséiert, en Alkoholtest ze maachen, sou dass e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt gouf. E koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
En Donneschdeg den Owend ass eng Automobilistin zu Stroossen an der Rue des Romains an zwee geparkten Autoe gerannt an huet sech duerno duerch d'Bascht gemaach. Déi schëlleg Fuererin konnt kuerz drop ermëttelt an ugetraff ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
Op der A13 a Richtung Schengen war dann en Donneschdeg den Owend géint 22 Auer en Automobilist am Zickzack ënnerwee. E konnt op der Héicht vu Keel vun enger Policepatrull gestoppt ginn. Och hei war den Alkoholtest positiv.
Och am Zickzack ënnerwee war e Chauffer zu Clierf, deen a Richtung Lenzweiler gefuer ass. Eng Policepatrull konnt de Chauffer zu Deewelt kontrolléieren, wou dann och den ze héijen Alkoholpeegel festgestallt gouf.
An der Nuecht op e Freideg ass dann en Automobilist opgefall, deen op der Avenue de l'Europe a Richtung Péiteng gefuer ass an d'Riicht net méi gehalen huet. Den Auto gouf an der Rue d'Athus gestoppt an en däitlechen Alkoholgeroch ass de Beamten aus dem Auto entgéintkomm. Den Alkoholtest war positiv a grad ewéi bei den zwee aneren Tëschefäll, gouf och hei e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.