27 nei Petitiounen onlineBis de 24. Juni mussen déi op d'mannst 5.500 Ënnerschrëften zesummekréien

Joel Detaille
Vu Referendum iwwer Atomzentral, bis elektresch Zigaretten, Déiereschutz a Logement ass nees vill Verschiddenes dobäi.
© RTL Grafik

Zanter en Donneschdeg si 27 nei Petitiounen online, déi bis den 24. Juni op d'mannst 5.500 Ënnerschrëften musse beienee kréien, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt. D'Fuerderungen ginn nees vu-bis.

Ënnert anerem gëtt en nationale Referendum gefrot, vir- oder géint eng Atomzentral hei am Land.

Méi staatlech Hëllefe fir kleng Akommessen, virun allem am Beräich vum Logement si Sujet.

D'Publicitéit fir elektresch Zigarette sollt verbuede ginn.

Méi haart Strofen fir Leit, déi Dreck aus dem Auto op d'Strooss geheien, gi gefrot.

Méi streng Strofe bei verstéiss géint d'Déiereschutzgesetz, oder d'Aféiere vun engem Vignette-System fir d'Autobunnen.

Déi genee Lëscht fënnt een op petitiounen.lu.

Back to Top
CIM LOGO