Zanter e bësse méi wéi engem Joer gëtt et zu Ettelbréck e Kannergemengerot. 13 Schülerinnen a Schüler maache mat. D'Stad soll méi kannerfrëndlech ginn.
Domadder wëll d'Gemeng d'Vue vun de Kanner zu neie Projeten oder speziellen Themen gewuer ginn. D'Stad méi kannerfrëndlech maachen, dat geet am beschte mat der Hëllef vun - eben - de Kanner! An dofir trëfft de Kannergemengerot an der nächster Sëtzung och dee richtege Gemengerot. D'Monica Camposeo huet d'Kanner bei de Preparatioune fir dëst Treffe begleet.
“Wéi sidd Dir an d’Politik komm? Wat maacht Dir, wann Dir net all enger Meenung sidd? Wéini gëtt de Schoulhaff fäerdeg?”
De Kannergemengerot huet vill Froen u säin erwuessene Pendant. Mee de Schoulhaff läit den Nowuess-Politiker a -Politikerinne besonnesch um Häerzen. De Lei erkläert, dass de Fussballsterrain net gutt ass. De Buedem kéint och méi faarweg sinn, fënnt nach d’Kathy.
Ee Mandat am Kannergemengerot geet iwwer zwee Joer. Dat gëtt de Responsabelen déi néideg Zäit, fir mat de Kanner ze schaffen an och Iddien ëmzesetzen. Ma ier d'Aarbecht konnt ufänken, goufe Walen organiséiert. Fir am Kannergemengerot dierfe matzeschaffen, hunn den Ahmad, de Lei, d'Helena an déi aner zéng Kanner musse gewielt ginn. “Ech weess nach, dass ech iwwerrascht war, wéi ech gewielt gi sinn”, seet d’Helena. Well vill aner Kanner och gutt Iddien haten, esou d’Meedchen. Him ass et wichteg, dass d’Stroossen zu Ettelbréck och fir Kanner méi sécher ginn. Ze dacks géing et virkommen, dass d’Autoe beim Zebrasträifen net stoe bleiwen, dat ass geféierlech. Den Ahmad huet sech gemellt fir matzeschaffen, fir sech fir déi méi jonk Kanner a speziell fir Kanner, déi et finanziell schwéier hunn, staark ze maachen, seet hien. Hie kënnt gläich an de Lycée, ma all Ännerung, zum Beispill am Schoulgebai, wier trotzdeem fir déi aner Kanner wichteg.
Vun 18 Kandidature goufen der 13 zeréck behalen. 560 Kanner aus dem Fondamental hu gewielt. An 11 Sëtzungen hu sech d'Kanner fir dat staark gemaach, wat si perséinlech interesséiert. Nieft dem Schoulhaff spillt och d'Verkéierssécherheet eng Roll. Mee och d'Sécherheet allgemeng, wa si eleng ënnerwee sinn, seet d'Tamea. Och wann et net dacks géing virkommen, wier et fir d’Kanner eng grouss Suerg, wa si op der Strooss vu frieme Leit ugeschwat ginn. Der Schülerin ass am Kannergemengerot awer och wichteg, dass si all hir Meenung kënne soen. Et sollt een ni denken, dass een ausgelaacht gëtt, seet d’Tamea. Hatt huet geléiert, dass och dat, wat Kanner ze soen hunn, gehéiert gëtt.
A genee doranner sollen d'Kanner gestäerkt ginn. Hir Meenung zielt a gëtt eescht geholl. Dofir treffen si nach virun der Summervakanz dann och déi "richteg" Politikerinnen a Politiker, erkläert d’Kathy. Fir hinnen hir Iddie mat op de Wee ze ginn an hinnen ze hëllefen, d’Projete méi kannerfrëndlech ëmzesetzen.
D'Isabelle Mariutto vum Service Enfance vun der Gemeng Ettelbréck leet de Kannergemengerot, zesumme mat Professionellen aus der Maison Relais an der Schoul. Den Austausch mam Gemengerot soll de Kanner och weisen, dass d'Iddien, déi si ausgeschafft hunn, eescht geholl ginn. A fir dat ganz offiziell ze maachen, gëtt beim Treffen mam “richtege” Gemengerot och eng Charta ënnerschriwwen, déi d’Kanner mat ausgeschafft hunn. Doranner gëtt festgehalen, dass sech déi zwee Gemengeréit fir eng méi kannerfrëndlech Stad wëllen engagéieren. Ännerungen am Schoulhaff si scho geplangt. An d'nächst Joer ginn dann erëm grouss Walen organiséiert, fir déi nei Kanner an de Gemengerot ze wielen.