
1 Kand op 4 zu Lëtzebuerg gëllt als aarm. Dat ass keen neie Constat, gëtt awer an engem rezente Rapport (Rapport Innocenti 20) vun der Unicef op e Neits verdäitlecht. An dat obwuel fir de Grand-Duché eng ganz Partie Donnéeë feelen.
44 Länner goufe fir de Rapport analyséiert, allerdéngs gëtt et just fir 37 och e Ranking, well bei deenen aneren d'Donnéeën net komplett waren, dorënner och Lëtzebuerg. De Paul Heber vun Unicef Lëtzebuerg seet, datt just, well een d'Donnéeën net huet, dat net heescht, datt et d'Probleemer net ginn. Et wier just méi schwéier d’Situatioun anzeschätzen:
"Wat mer awer wëssen, a wat och wichteg ass, ze verstoen, ass, dass déi Ongläichheet, vun där mer eigentlech schwätzen, déi geet vill méi wäit wéi just Suen. Si beaflosst de Wunnraum, si beaflosst den Accès zu den Aktivitéiten, déi d'Kanner hunn, si beaflosst d'Schoulëmfeld, si beaflosst déi mental Gesondheeten, mee awer och d'Méiglechkeete vun de Kanner am Alldag."
Lëtzebuerg hätt awer d'Moyenen Donnéeën ze erhiewen, betount de Paul Heber:
"Ech mengen och, datt mer vläicht zu Lëtzebuerg de Probleem hunn, eis anzegestoen, datt mer eigentlech Probleemer hunn. Mir kommen traditionell aus enger Richtung, wou mer soen, et geet eis gutt zu Lëtzebuerg, besser wéi op anere Plazen. An ech mengen, wann een aus enger Richtung kënnt, dann huet een och méi Schwieregkeeten, sech anzegestoen, datt déi Saache mussen änneren."
De Räichtum vun engem Land garantéiert net automatesch, datt et de Kanner och gutt geet. Wichteg Facteure sinn zum Beispill d'Aarbechtskonditioune vun de Leit:
"Also gerecht Léin, genuch Congé parental, dat alles huet en enormen Impakt. Dat hu mer och schonn an eisem Rapport iwwer Kanneraarmut zu Lëtzebuerg ervirgestrach. Wéi gutt et Kanner geet, dat huet eppes mam Banne vun den Eltere mat de Kanner ze dinn, mam Dosi vun den Eltere fir d'Kanner, dat ass eeben alles net esou einfach an enger moderner Gesellschaft. Mee do gëtt et och nach vill Potenzial. Dat bedeit natierlech och den Accès zu Crèchen a Betreiungsstrukturen, déi eng wichteg Roll spillen. Och dat ass alles net iwwerraschend. Mir wëssen, an dat ass och mengen ech zu Lëtzebuerg net iwwerraschend, wéi wichteg zousätzlech Investissementer a bezuelbare Wunnraum wieren."
Wichteg wier awer och, datt d'Barriäre vun der Diskriminatioun a Stigmatisatioun ofgebaut ginn.
"Vill Leit, déi vun deem Probleem betraff sinn, déi ginn och e bëssen ugesinn, als wéilte se vläicht elo profitéieren. An ech denken, do muss et och en Ëmdenke ginn, well fir sech anzegestoen, datt een et schwéier huet, datt een net iwwert d'Ronne kënnt an dann eeben och nach dee Schratt ze maachen, fir sech hëllefen ze loossen, dat ass scho schwéier genuch. A wann een dann och nach ugesi gëtt, als wär een elo do een, dee wéilt vum Staat respektiv vun deenen anere profitéieren, da gëtt et séier ganz, ganz schwéier."
"All Kand soll déi nämmlecht Chancen hunn, egal aus wéi engem soziale Milieu et kënnt!" Dat wier den Haaptmessage vum Rapport huet de Paul Heber vun Unicef Lëtzebuerg nach ënnerstrach.