VIDEOUm Kierchbierg huet e Méindeg de Moien en Taxi gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Géint 8.30 Auer huet an der Rue Alphonse Weicker, nieft dem Hypermarché, en Taxi misse geläscht ginn.
VIDEO: Taxi huet Feier gefaangen
E Méindeg de Moie géint 8 Auer goufen d'Pompjeeën op de Kierchbierg geruff, well en Taxi do gebrannt huet.

Warscheinlech wéinst engem technesche Problem hat d'Gefier Feier gefaangen.

Sécherheetspersonal aus dem Gebai mam Hypermarché hat gehollef, d'Flamen auszemaachen.

D'Stater Pompjeeë waren och op der Plaz.

Zu Schued koum kee bei deem Incident.

Kuerz viru 6 Auer um Méindeg de Moien sinn e Camion an eng Remorque zu Beetebuerg an der Zone Industrielle Scheleck 2 net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz an den Asazzenter vu Beetebuerg waren op der Plaz.

Zu Nouspelt an der rue Georges Kayser ass um 9.30 Auer en Auto an eng Garagepaart gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Ambulanz vu Mamer an den Asazzenter vu Kielen waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO