No 10 Joer ofgerapptValentiny-Ponton zu Schengen mécht Plaz fir d'Marie Astrid

Lynn Cruchten
10 Joer no senger Aweiung gouf en elo ewechgerappt - de Ponton vum François Valentiny zu Schengen.
Valentiny-Ponton zu Schengen mécht Plaz fir d'Marie Astrid
10 Joer no senger Aweiung gouf en elo ewechgerappt - de Ponton vum François Valentiny zu Schengen.

Am August schonn hunn d’Preparatiounsaarbechte bannen ugefaangen, wou d’Verkleedungen an d’Technik, déi dra war ewech geholl goufen. Vum 9. September un du goung et mam richtegen Demontage lass. Dobäi goufen déi selwecht Schrëtt ënnerholl wéi deemools beim Montage, just ebe vun hannen no vir.

Um Freideg huet een zu Schengen just nach den Ënnerbau vum Ponton virfonnt, dee mat engem “Schlepper” e puer Meter iwwert d’Musel transportéiert gouf, fir dann duerno kënne vun zwee grousse Kranen aus dem Waasser kënne gehuewen ze ginn. Déi ganz Aktioun huet ronn annerhallef Stonn gedauert.

Elo geet et u Land mam Rescht vum Decoupage vum fréiere Ponton virun. Schlussendlech ginn d’stole Stécker verschrott a kënnen dann nei verwäert ginn.

De Ponton huet misse verschwannen, fir der MS Princesse Marie Astrid Plaz ze maachen. Dat Schëff, op deem 1985 den Accord vu Schengen ënnerschriwwe gouf, kënnt als Touristenattraktioun zréck op Lëtzebuerg.

Do, wou bis dato de Valentiny-Ponton seng Plaz hat, gëtt elo e Quai gebaut, vun deem aus ee vum Summer 2025 un op d’Marie Astrid Schëff kënnt.

Valentiny-Ponton zu Schengen gëtt ofgerappt
9 Joer no senger Aweiung gouf en elo ewechgerappt - de Ponton vum François Valentiny zu Schengen.

RTL-News: Schengen: Äddi Ponton, Moie “Marie-Astrid”!

Back to Top
CIM LOGO