
Zu Miersch haten e Samschdeg oder e Sonndeg Onéierlecher e Bam beschiedegt. Tëscht e Freideg an e Méindeg de Moie gouf dann och an déi sougenannte "Faber Villa", eng fréier Dréckerei agebrach. Onbekannt Täter hunn direkt e puer Fënsteren zerstéiert a sinn an d'Gebai erageklotert. Do hu se dunn nawell en zolitte Schued hannerlooss.
Eventuell Zeie solle sech w.e.g. bei der Police zu Miersch mellen. Telefon: +352 24490-1000.
Zu Ettelbréck gouf d'Police e Méindeg den Owend op en Auto opmierksam, deen op engem Parking stoung an an deem 2 Persoune souzen. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass ee vu béiden Droge konsuméiert hat. Des weidere gouf eng kleng Quantitéit un Drogen, grad ewéi eng illegal Waff fonnt. Béides gouf saiséiert an et gouf e Protokoll geschriwwen.