....dat seet den Affekot Yann Baden, President vun der Associatioun StopCorrupt. D’Organisatioun fuerdert e verbindlechen Deontologieskodex fir all Beamten. Zum Beispill misst evitéiert ginn, datt héich Beamte bei e private Betrib am selwechte Secteur wiesselen.
Duerch d’Rapporte vun der europäescher Anti-Corruptioun-Grupp "GRECO" wier den Drock op d’Regierung an d’Luucht gaangen.
“Déi kommen elo an zwee Joer erëm. Do gëtt dann e reegelméissege Suivi gemaach an natierlech ass d'Regierung och vun deem Point de vue e bëssen an "Zugzwang". Mä mir stellen effektiv fest, datt am Moment e Wëllen do ass, fir dee Code de déontologie op d'mannst emol op d'héich Fonctionnairen auszebreeden. Héich Fonctionnaire geet net duer, mä et ass emol e Start.”
De ganzen Interview mam Yann Baden vu StopCorrupt fannt Dir den Owend no 20 Auer am Video op eisem Internetsite.
Är Organisatioun reagéiert an der Reegel net op spezifesch Fäll, ma d'lescht Woch hutt der eng Ausnam gemaach am Kontext vun der sougenannter Gaardenhaischen Affär ronderëm de fréieren Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini. Firwat?
Mir probéieren normalerweis net op spektakulär Fäll ze reagéieren, déi "La une des journaux" maachen, well mer mengen, datt d'Systematik hannendru méi wichteg ass, wéi den individuelle Fall. An dësem Fall hu mer eng Ausnam gemaach, well ebe just um Niveau vun den Institutioune Saache geschitt sinn, wou mer mengen datt net gutt si fir eist Land a fir eis Rechter. Ech mengen, et muss een drun denken, datt mer an engem Rechtssystem sinn an e Rechtssystem lieft dovun dat besonnesch d'Institutioune sech un dee Rechtssystem spontan halen. A wann dat net méi de Fall ass, dann ass et ganz wichteg, datt eng Organisatioun wéi eis sech zu Wuert mellt, fir ebe just ze soen: "Passt mol op, hei si Saachen, déi dierfen net sinn." Fir datt d'Institutiounen sech nees un hir Reegelen halen.
Dir hutt do engersäits d'Chamber-Ëmweltkommissioun kritiséiert an anerersäits och verschidde Journalisten. Kennt der méi genee soe wat Iech do un der Aarbecht engersäits vun der Kommissioun, vun den Deputéierten an der Kommissioun an anerersäits vun de Journaliste gestéiert huet?
Wat d'Deputéiert vun der Kommissioun betrëfft, do ass et esou, datt déi Kommissioun laut Reglement vun der Chamber eng spezifesch Missioun huet. An déi Missioun, do geet et drëm fir Gesetzesprojeten z'aviséieren, respektiv Problematiken déi ronderëm déi Gesetzesprojeten déi se z'aviséieren huet sinn sech unzekucken, fir da kennen e bessert Gesetz der Chamber zur Verfügung ze stellen. Déi Kommissiounen, an an dësem Fall d'Commission de l'environnement, déi sinn net do fir individuell Fäll opzeschaffen. Dofir ginn et aner Institutiounen an eisem Land. Mir wëssen, datt en Untersuchungsriichter an dësem Fall vum Dossier saiséiert ass, et ass elo un der Justiz an um Untersuchungsriichter fir seng Aarbecht ze maachen an et ass net un enger Chamberkommissioun fir do z'intervenéieren. Wann dann den Untersuchungsriichter seng Aarbecht gemaach huet, da mussen déi Konsequenzen doraus gezu ginn, déi da musse gezu ginn. Mee et ass wéi gesot net d'Aarbecht vun der Chamberkommissioun fir dat ze maachen.
Wat d'Press betrefft: mir si ganz frou, datt et mëttlerweil esou eppes wéi eng investigativ Press zu Lëtzebuerg gëtt. Mee och do muss ee kucken - wat ass de Rôle dovun. Wann eng Press, e Journalist e Fall opdeckt, deen net bekannt ass, da bréngt en deen an d'Press an dat ass eng ganz gutt Saach an do si mer och ganz zefridden driwwer a ganz frou driwwer an da kennen och déi verschidden Institutioune mat der Enquête chargéiert ginn. Wann awer bis eng Enquête ënnerwee ass, wéi dat an dësem Fall de Fall ass, dann ass et och un der Press fir do dann den zweete Rang un den Untersuchungsriichter an dësem Fall ofzetrieden, fir datt déi Enquête kann an deem normale rechtleche Kader oflafen, wéi se soll sinn, an dass net duerno e Prozess am Publique gefouert gëtt, deen net am Publique soll gefouert ginn, mee eventuell virun engem Geriicht. An dofir ass et wichteg, dass dee Moment wou d'Saachen opgedeckt gi sinn, dee Moment wou d'Institutioune saiséiert gi sinn an sech domat befaassen, dass een se sech och befaasse léisst. Wann senger Liewen, se sech net domat géife befaassen, dann ass et natierlech un der Press fir nozehaken a fir ze froen "Firwat geschitt dat net, wat leeft hei schif, a firwat funktionéiert de Rechtsstaat net, wéi e soll funktionéieren?"
Elo kéint ee jo awer soen, dass wuel eng Enquête leeft, op där anerer Säit awer huet esouwuel d'Kommissioun wéi och d'Press sech och mat der Fro befaasst: "Ass dat hei e Beweis fir Favoritismus?" Geet dat dann net iwwert dat, wat am Fong d'Enquête mécht eraus a fält dat dann net och an d'Aarbecht vun engem Parlament?
Do muss een d'Distinctioun maachen tëschent der Aarbecht vum Parlament an der Aarbecht vun der Kommissioun vun engem Parlament. D'Parlament, dat huet selbstverständlech als Aarbecht fir d'Regierung z'iwwerwaachen a fir der Regierung pertinent Froen ze stellen. Et ass awer net un enger Kommissioun, wat nëmmen en Deel vum Parlament ass, fir eng individuell Enquête ze starten. Selbstverständlech gëtt et an enger Constitutioun och esou eppes Commission d'enquête. Déi muss awer vum Parlament als Ganzes decidéiert ginn an och déi huet nach nëmmen e limitéierten Domaine d'activité, déi interesséiert sech net un individuelle Fäll, mee déi interesséiert sech um systemesche Problem. A wann d'Parlament dat well opdecken, an dat muss eventuell geschéien, da muss d'Parlament dat maachen, mee dat ass d'Parlament, an net eng Kommissioun vum Parlament. An dat ass dann och net eng Aarbecht fir politeschen Notzen draus ze zéien, mee dat ass eng Aarbecht, wou et drëms geet fir eventuell systemesch Feeler, déi an der Regierung oder an der Verwaltung kenne bestoen, opzedecken an dann ze korrigéieren.
Wier dann eng Enquêtëkommissioun an deem hei Fall Ärer Meenung no appropriéiert gewiescht?
Dofir kennen ech d'Detailer vun de Fäll net genuch. Dat muss ee kucken, wat am Dossier vum Untersuchungsriichter erauskënnt, respektiv muss d'Chamber sech iwwerleeën op Basis vun deenen Informatiounen déi virleien, op se muss eng Enquêtëkommissioun en place setzen oder net. Dat kann ech Iech am Moment net beäntwerten. Et muss ee selbstverständlech, am Kader vun dëser Fro, der Fro nogoen, leien an der Verwaltung systemesch Problemer dran. Systemesch Problemer sinn déi Problemer, déi entstinn, well d'Reegelen innerhalb vun der Verwaltung net esou sinn, dass zum Beispill eng Kollusioun net ka stattfannen. A wann esou Feeler an der Verwaltung dra leien, mussen déi selbstverständlech korrigéiert ginn. Dat ass zum Beispill ee vun de Fäll, firwat mir soen: "Et musse Code de déontologien och um Niveau vun de Fonctionnairen, vun den héije Fonctionnaire, vun de Fonctionnairen, awer och vun de Fonctionnaires communauxe kommen." Well dat ass ee vun de systemesche Problemer op déi mir ëmmer nees opmierksam maachen.
Do wiere mer da bei Ärem zweete Communiqué vu leschter Woch iwwert eben dee Code de deontologie, dir fuerdert d'Regierung do op, fir e Code de déontologie auszeschaffen, deen all Fonctionnaire op nationalem an op kommunalem Niveau betrëfft, an och all politesche Mandataire. Wéi stellt Dir Iech dat genee vir?
Mir hunn am Moment hei am Land dräi Code de déontologien. Ee fir Ministeren, ee fir d'Parlamentarier an ee fir de Conseil d'Etat. Wat feelt, dat si Code de déontologien fir d'Fonctionnairen, besonnesch och fir déi héich Fonctionnairen, an natierlech och eppes um kommunalen Niveau, well et däerf een net vergiessen, datt ganz vill Decisiounskraaft bei de Gemenge läit hautzedaags an do besteet absolut guer näischt. Ech hu gelies an der Press, datt déi Déifferdenger Gemeng decidéiert huet, si wéilt e Code de déontologie sech ginn, wat ech nëmme ka begréissen, mee dat ass eppes wat menger Meenung no de Manière unitaire fir d'ganzt Land muss kommen, op all de Gemengen, well do ass ganz vill Verwaltungsmuecht konzentréiert hei am Land an do besteet kee Code de déontologie. Et muss onbedéngt kommen. A selbstverständlech muss een awer dann och sech iwwerleeën, wéi sanktionéiere mer déi Code de déontologien, e Code de déontologie ass ëmmer en zweeschneidegt Schwäert - op där engersäits wëlle mer Comportementer verbidden an ënnerbannen. Op där anerer Säit wëlle mer awer och de Verwaltungsträger oder de politesche Mandatsträger d'Méiglechkeet ginn sech ze protegéieren an deem dass se sech un d'Reegelen halen. Mee eng Reegel, déi keng Sanktioun huet, déi besteet net, déi gëtt net respektéiert a mir hunn hautzedaags de Problem, dass déi dräi Coden déi bestinn am Fong a Selbstverwaltung respektéiert ginn. Dat heescht et ass d'Chamber, déi kuckt dass de Code de déontologie vun der Chamber respektéiert gëtt, d'Regierung dee vun der Regierung an sou virun. Dat geet net duer. Mir brauchen do méi eng kloer Linn an eng kloer Sanktioun hannendrun. Et muss een och dobäi soen, et si verschidde Comportementer, déi musse wahrscheinlech gesetzlech ënnerbonne ginn, do geet et wahrscheinlech mat engem Code de déontologie net duer.
Dir fuerdert och, dass an deem Kader den Ethik-Komitee méi Muecht kritt?
Dee Comité de l'éthique am Kader vum Code de déontologie vun der Regierung a kann och nëmme vum Premierminister chargéiert ginn, fir en Avis ze ginn. Seng Missioun am Moment ass ganz limitéiert a mir sinn der Meenung, datt mer eng Institutioun brauchen, wéi zum Beispill den Ethikscomittee, deen en Charge ass vun all de Code de déontologien, déi et am Land ginn, fir déi Verwaltungsträger. An deen awer och méi Muecht kritt, wéi dat wat en haut huet. Notamment d'Muecht fir sech z'autosaiséieren, fir Enquêten ze maachen, fir Disziplinarsanktiounen ze huelen. Op een dat elo am Kader vun deem bestoende Comité d'éthique mécht, oder eng aner Institutioun grënnt sief dohinner gestallt. Dat ass eis am Fong geholl och egal, et geet drëm dass eng Sanktioun do ass an dass en Instrument besteet, dat effikass kann handelen.
Dir schwätzt an Ärem Communiqué vun Affären, déi sech sammelen, déi Iech encouragéiert hunn déi Fuerderungen ze stellen. Kennt Der dat e bësse méi elaboréieren, vu wéi enge Beispiller schwätzt Dir do?
Mir haten dëst Joer ganz vill Fäll, déi am ëffentleche Liewe sech beweegt hunn, déi net ganz glécklech sinn a wann ech e bësse méi wäit zeréck ginn e puer Joer, dann denken ech un déi dräi Membere vum Ministère des finances, déi an de Privatsecteur gaange sinn, elo rezent hate mer een um Ministère de l'énergie. Mir hunn eng Affär Fonds de Logement mat engem Virement, deen an d'Natur verschwonnen ass, mir hunn eng Affär Centre commun, mir hunn eng Affär Gemeng vun Hesper. D'Lescht ass vill ze vill grouss, fir esou e klengt Land, wéi mer sinn, fir déi kuerz Zäit, wann ech nëmmen dëst Joer kucken hu mer eng hallef Dose Situatiounen, déi wierklech Angscht maachen an do muss onbedéngt eng Reaktioun kommen. An am Moment ass déi Reaktioun relativ verhalen, fir gentil ze sinn.
Dir hat och scho Kontakt mat der Regierung, fir déi do Punkten unzeschwätzen - wéi war do de Retour? Hutt Der d'Gefill, datt eppes sech beweegt?
Op verschiddene Punkten hu mer schonn d'Gefill, datt eppes sech beweegt. Mir wëssen zanter enger Zäit, datt mer e Code de déontologie fir d'Héich Fonctionnaire besonnesch brauchen. Mir hunn déi Doleancen och schonn e puer mol un d'Regierung erubruecht. De GRECO, wat eng Institutioun ass, déi sech ëm d'Lutte géint d'Korruptioun këmmert, mécht reegelméisseg Evaluatiounen hei zu Lëtzebuerg an huet an der leschter Evaluatioun och scho festgehalen, dass dat onbedéngt misst kommen. Déi kommen elo an zwee Joer erëm. Do gëtt dann e reegelméissege Suivi gemaach an natierlech ass d'Regierung och vun deem Point de vue e bëssen an Zugzwang. Mee mir stellen effektiv fest, datt am Moment e Wëllen do ass fir dee Code de déontologie op d'manst emol op d'Héich Fonctionnairen auszebreeden. Héich Fonctionnaire geet net duer, mee et ass emol e Start.
Wéi ass d'Situatioun dann am Moment, wéi kann ee sech dat virstelle wann een net an der Fonction publique schafft, wéi eng Reegele ginn et dann iwwerhaapt fir héich Fonctionnairen?
All Fonctionnaire ënnerläit natierlech dem Gesetz iwwert d'Fonctionnairen an do si verschidden Aufgaben dran - devoirs de discretion, déi de Fonctionnaire generell vis-a-vis vum Staat muss hunn. Mee et gi keng spezifesch Verflichtunge par Rapport zur Ethik an zur Deontologie. Ee vun de Problemer, dee mer zum Beispill elo gesinn hunn, mat deene Geschichte vum Ministère de finances a Ministère de l'énergie, dat ass wann en héije Fonctionnaire, deen eng gewësse Muecht huet an d'Politik vum Minister ëmsetzt - deen also Connaissancen a Kontakter huet, deen dann op ee Mol de Ministère verléisst a bei eng Privatindustrie geet, déi vun deem Ministère ofhänkt an déi spezifesch an déi spezifesch an deem Domaine aktiv ass, wou de Fonctionnaire virdrun déi Pouvoiren an déi Decisiounskraaft hat - dat nennt ee revolving doors - en engleschen Terme fir ze soen, ech ginn zu där enger Dier eraus an op där anerer nees eran. Ech ginn also vum Staat an de Privatsecteur, an da gëtt et och den Invers, wann ech zréckkomme bei de Staat. Dat ass eppes, dat um europäeschen Niveau zum Beispill iwwerall reglementéiert ginn. An eisem Code de déontologie vun de Ministeren ass esou en Délai de carence, oder Pseudo-Carence, vun 12 Méint virgesinn. Et muss een zum Beispill an engem Code de déontologie fir d'Héich Fonctionnairen eng Verflichtung virgesinn, dass wann se wëlle fortgoen fir an d'Privatindustrie ze goen, dass se net kennen an eng Privatindustrie goen, déi vun deem Domaine ofhänkt, oder wann da mat engem sougenannten Delai de carence, also net direkt, fir dass se net d'Informatiounen, d'Kontakter an den Accès zum Ministère mathuelen, fir dass déi Privatindustrie dovu kéint profitéieren. Respektiv, dass et net de Marché denaturéiert - wa mer e puer Konkurrenten um Maart hunn an et ass een, deen dann de Fonctionnaire als Employé privé engagéiert an déi aner hu keen Accès, do ass also och nach e Problem vun der Konkurrenz, dee sech stellt. Esou Saache musse reglementéiert ginn.
Dir sot dass et zum Deel iwwert e Code de déontologie muss reglementéiert ginn, verschidde Saache missten awer och per Gesetz nogebessert ginn?
Mir hunn haut scho verschidde Saachen, déi duerch d'Gesetz festgehale sinn - zum Beispill ginn et Saache wéi d'Beruffsgeheimnis, dat besteet net nëmme fir den Dokter an den Affekot, mee dat besteet och bei anere Beruffen, zum Deel ausdrécklech, zum Deel manner ausdrécklech, mee et besteet. Mee et sinn awer Saachen, déi, wann der se wëllt verbidden, da braucht der eng Gesetzgebung. Wann der wëllt eng Recommandatioun oder e Guide maachen, da kennt der op e Code de déontologie zréckgräifen. Do läit d'Distinktioun. Wann der eppes wëllt hunn, dat der wëllt kloer verbidden oder wat kloer ka sanctionnéiert ginn, dat geet nëmmen iwwer eng Gesetzgebung. Wann der awer wëllt de Leit soen "dat hei ass OK, an dat hei ass manner OK", da kennt der e Code de déontologie huelen. Stéchwuert Kaddoen op de Ministèren. Vu wéi vill Euro un ass e Kaddo de Fin d'année acceptabel oder net acceptabel oder vun engem frieme Staat acceptabel oder net acceptabel, dat si Saachen déi reegelt een iwwert de Code de déontologie, wärend Verbueter ausspriechen, eng Période de carrence bei engem Revolving doors vun engem Fonctionnaire, dat muss ee wahrscheinlech iwwer eng Gesetzgebung maachen.