Virfall den 31. MeeVerdächtegen no brutalem Déifstall an der Stad festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, koum et e Méindeg den Owend um 21.20 Auer zu engem brutalen Iwwerfall an der Stater Groussgaass.
© RTL Archivbild

E Mann krut an der Foussgängerzon seng Auer vum Handgelenk gerappt. Déi 2 Täter sinn no der Dot geflücht. Mat Hëllef vun der Persounebeschreiwung konnt ee vun hinne spéider gestallt ginn.

Op Uerder vum Parquet gouf déi Persoun festgeholl a koum den Dag drop virun den Untersuchungsriichter. Géint den aneren Täter gouf eng Plainte deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO