Tour de FranceOch Lëtzebuerger Spectateure sti laanscht d'Streck

Charel Meyers
Déi 13. Etapp vun dësem Tour de France ass e Freideg de Mëtteg duerch d'Vogeesen gaangen. Mat nëmmen dräi Stonnen Auto war et déi noosten Destinatioun vun dëser Grande Boucle vu Lëtzebuerg aus. 
Och Lëtzebuerger Spectateure sti laanscht d'Streck vum TDF
Op der 13. Etapp an de Vogeesen konnte mir laanscht d'Streck och Lëtzebuerger Fändelen a Supporter fannen.

Den een oder anere Lëtzebuerger Supporter hat sech gutt op dësen Dag preparéiert a war scho frei an der Haaptschwieregkeet vum Dag ukomm. Esou war dat de Fall vum Dan Fernandes, Monni vum Schifuerer Mathieu Osch. Hien a seng Frënn si scho virun zwee Deeg ugereest a wollten déi beschte Plaz sech sécheren.

Den Tour zitt pro Dag dausende Spectateuren un. Hei wéi an der Montée vum Ballon d'Alsace waarden déi meeschte Leit Stonnen op d'Coureuren. Mä net nëmmen op der 13. Etapp goung den Tour duerch d'Vogesen, och e Samschdeg geet et nach eng Kéier duerch d'Regioun. De Claude Conter, Benevole am Vëlossport zu Lëtzebuerg, geet reegelméisseg d'Grande Boucle kucken. Fir hien ass et wichteg, den Alex Kirsch bei dësem Tour ze ënnerstëtzen. 

Et bleift also ze hoffen, dass den Enthusiasmus bestoe bleift, mam Bléck op 2028, wou den Tour warscheinlech Lëtzebuerg passéiere wäert.

Back to Top
CIM LOGO