Invité vun der Redaktioun (20. Mee) - Jean-Jacques Rommes"Verdeelungskämpf" mat Sécherheet virprogramméiert

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie war de President vum Wirtschafts- a Sozialrot eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Jean-Jacques Rommes
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

"Et kënnt mat Sécherheet zu Verdeelungskämpf". Dat sot de Jean-Jacques Rommes e Mëttwoch de Moien hei op RTL. De President vum Wirtschafts- a Sozialrot a fréiere Vertrieder vum Patronat sot: „Mir sinn am Gaangen ee Kuch ze verdeelen, dee mer net hunn". Et wier zwar richteg gewiescht an der Kris "antizyklesch" Mesuren z’ergräifen, datt de Staat also mat Suen d’Ekonomie ënnerstëtzt. Allerdéngs missten déi nei Scholden iergendwann rëmbezuelt ginn. Den Drock op d’Entreprisen wier ganz grouss an dee géing duerch d’ganz Gesellschaft goen. Zu de Mesuren, déi e Mëttwoch och nach annoncéiert ginn, erhofft sech de Jean-Jacques Rommes méi cibléiert Mesuren, zum Beispill, datt de Chômage partiel fir verschidde Betriber ka weiderlafen. Wichteg wier och, datt ee verstäerkt op Teletravail setzt.

Wat d’Diskussiounen ugeet iwwert eng méi lokal Ekonomie, e méi ekologescht Konsumverhalen oder eng Décroissance durable, dozou sot de President vum Wirtschafts- a Sozialrot hie géing dat héieren, mä net wierklech dru gleewen. Well dat géing bedeiten, d’Leit géinge méi deier bezuelen, fir Saachen, déi se elo méi bëlleg am Ausland kafen, gläichzäiteg géing awer och d’Kafkraaft hei erofgoen. "Gutt, dat kënne mer maachen, mä da brauche mer ee Konsens. An ech gesinn deen net", sou de Jean-Jacques Rommes.

E Mëttwoch de Moie war de President vum Wirtschafts- a Sozialrot eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO