Un d’CSV an DP, déi elo d’Rudder iwwerhuelen, huet d’Sozialistin appelléiert, sech séier mat de Projektiounen ausenanerzesetzen an entspriechend virzeplangen. D’Populatioun wiisst a gëtt méi al. Dobäi kommen och ëmmer méi Frontalieren, déi hei cotiséiert hunn, bäi, déi op de Lëtzebuerger System zeréckgräifen.
D’Paulette Lenert an hir Beamten hunn ënnert anerem eng Rei Projete rappelléiert vun neie Spideeler, respektiv Extensiounen. D’Nach-Gesondheetsministesch schléisst net aus, datt CSV an DP vläicht souguer méi grouss musse gesinn. “Do gëllt et effektiv, net ze spueren, et gëllt och ze acceleréieren”, sou d’Paulette Lenert, déi begréisst huet, datt och déi nei Regierungsparteien d’Prozedure fir de Bau wëlle vereinfachen. Wat d’"Imagerie” ugeet mat de faméisen IRMen, do wier een elo och gutt opgestallt an europawäit virbäi. Bei de Mammographien hätt een iwwerdeems Hotlinen ageriicht, fir datt d’Dokteren an dréngende Fäll direkt un déi richteg Uspriechpartner kommen an hir Patientinnen e Rendezvous kréien.
Infrastruktur ass eng Saach. Op der anerer Säit dierf de Besoin u Santéspersonal déi nächst Joerzéngten net méi kleng ginn. Wéi den neie President vum Collège medical bei eis sot d’lescht Woch, feelt et besonnesch un Dokteren an deene Spezialitéiten, wou ee manner gutt bezuelt gëtt. Jo, d’Paulette Lenert mengt och d’Nomenclature, also d’Lëscht vun den Tariffer fir déi jeeweileg medezinesch Akte missten nei verhandelt ginn. Wann et ëmmer méi ass bei jidderengem, da gëtt et an hiren Aen “natierlech deier”, mee fir si dierf awer och net an der Santé gespuert ginn, well déi Investissementer wieren “kritesch”.
D’Sue bewierke ganz vill, mee sécher net alles an dowéinst ass d’Preventioun extrem wichteg”, sou d’Paulette Lenert weider. Am Géigesaz zu hirem Parteikolleeg Franz Fayot ass d’Paulette Lenert nach net alarméiert, datt d’CSV an d’DP e Spuerkurs wäerte fueren. D’Paulette Lenert fäert mat CSV an DP och kee Broch mat der sozialistescher Santéspolitik vun de leschten 20 Joer. “Eng kleng Suerg” hätt si schonn, mee si wéilt d’CSV an d’DP Mol hire Programm “accouchéieren” loossen.
Hiren eegene Bilan huet d’Paulette Lenert wärend ronn 90 Minutten virgedroen, mat natierlech als éischt der Gestioun vun der Covid-Kris. Hei huet d’Nach-Santésministesch begréisst, datt Lëtzebuerg trotz relativ wéineg restriktive Mesurë par Rapport zum Ausland, eng ganz niddreg Surmortalitéit gehat hätt. D’Paulette Lenert huet awer och eng sëlleg Projeten, Pilotprojeten, Reglementer a Gesetzprojeten ervirgehuewen, déi si virubruecht huet, och wann der eng Rei nach am “Tirang” wieren. Op éischter Stell huet si bedauert, datt si de Plang fir d’mental Gesondheet zwar ofgeschloss, awer nach net ëmgesat krut.