
D'Michèle Sinner suivéiert dee Prozess fir RTL zënter Ufank un. Et schéngt eng komplizéiert Affär ze sinn, iwwert d’Tragik vum Accident selwer eraus.
Zéng Leit si wéinst Homicide involontaire ugeklot an da freet de Parquet selwer fir sechs Persounen e Fräisproch?
Et ass e bëssen eng gelungen Situatioun an d'Gefor ass jo, datt am Public de Verdacht opkënnt, datt déi Responsabel net zur Rechenschaft gezu ginn. Mee et huet haaptsächlech mat engem personelle Changement um Parquet ze dinn. Dat heescht, kuerz virum Prozess huet en anere Substitut den Dossier iwwerholl an deen huet eng aner Approche, wéi den Affekot François Prüm erkläert:
"De Parquet elo, dee mécht am Fong e Raisonnement 'In concreto', dat heescht e probéiert, wierklech ze kucken, wien zu wéi engem Moment wat wousst an eventuell hätt kéinten evitéieren, par rapport zu dësem trageschen Accident, wou de Parquet virdrun um Niveau vun de Instruktiounen an och virun de Renvoien, éischt an zweet Instanz ëmmer dee nämmlechten Representant vum Parquet där Meenung war. Et misst een déi Affär 'in abstracto' kucken, dat heescht am Fong all Mënsch, dee nëmmen de près ou de loin eng Beréierung mat der Affär gehat hätt, misst poursuivéiert ginn."
Also nach eemol: Deen éischte Substitut huet gekuckt, wien hat eppes domat ze dinn, datt déi Äis-Skulptur do opgeriicht gouf an en huet déi viru Geriicht bruecht, also zum Beispill, den Direkter vum LCTO, deen seng Ënnerschrëft op den Devis gemaach huet. An deen zweeten huet gekuckt: Wien huet tatsächlech e Feeler gemaach, aktiv oder passiv. A fir déi aner freet hien eben e Fräisproch. Well e seet: D'Barre muss héich leien, bei engem Homicide involontaire, kee vun de Ugekloten wollt jo, datt de kléngen Emran géing stierwen.
De François Prüm verdeedegt ee vun den ugeklote Mataarbechter vun der Gemeng. Ass seng Vue da net virageholl? Also hien seet net, et hätt een net sollten esou breet enquêtéieren: "Et huet ee missen duerch dee Prozess vun der Instruktioun goen, dee gemaach ginn ass. Mee ech mengen, et hätt een awer eng ganz Rei Leit aus dem Dossier kënnen eraus huelen a net hei virun de Correctionnel renvoyéieren, wéi et gemaach ginn ass."
Dann däerf ee net vergiesse, datt d'Geriicht net dem Parquet muss follegen. Et kann och anescht decidéieren. An et ass zanter 2017 esou, datt ee net méi muss penal condamnéiert ginn, fir um Civil mussen Entschiedegungen ze bezuelen.
Mee wann deen éischte Substitut jiddereen belaangt huet, dee vu wäit oder no eppes mam Accident ze dinn hat, misst dann net d'Stater Buergermeeschtesch mat op der Uklobänk sëtzen ?
D’Lydie Polfer huet am Prozess als Zeien ausgesot, mee wärend der Enquête gouf si vun der Police awer och als "Pesapi", also als "Personne susceptible d’avoir participé à une infraction" gehéiert. An do seet den Affekot Frank Rollinger: "An dann decidéiert jo de Parquet, ass et opportun, eng Poursuite ze maachen. Hei seet de Parquet 'Neen'. Ech kann dat novollzéien, well et kann een och net verlaangen vun engem Buergermeeschter oder engem Cheffen eng ganz Gemeng 24/24 7/7 ofzegrasen, fir ze kucken, ob do vläicht iergendeen Sécherheetsrisiko géing bestoen. Dat ass jo eng Saach vun der Onméiglechkeet, dofir verstinn ech de Reflex. Mee reng legal gekuckt, am aktuellen Zoustand, misst een uewen ufänken."
Och hei Disclaimer: De Frank Rollinger verdeedegt ee vun den Ugekloten Gemengebeamten. An dofir huet hien natierlech genee gekuckt, ob d'Buergermeeschtesch dann hir gesetzlech Responsabilitéit fir d'Sécherheet un d’Beamten weiderginn, also delegéiert huet. An hien seet: "An deem ganzen Dossier, wou jo X Saisien a Perquisitiounen waren, ass net een Dokument fonnt ginn, net een eenzegt, wou dat un de Service gebonnen definéiert ass, an dann innerhalb vum Service gesot ginn ass, den X oder den Y huet déi an déi Charge."
Da kéint een emol nofroen, ob d’Chargen dann antëscht kloer verdeelt sinn...?
Nawell. Et ass awer an der Chamber och zënter Längerem e Gesetz ënnerwee, dat déi penal Immunitéit vun de Gemenge soll ophiewen. Da wier et genee esou méiglech eng Gemeng als Personne morale unzekloen, wéi eng Firma oder eng ASBL, wéi den LCTO. An da kéinten trotzdeem nach Politiker oder Beamten fir hir individuell Feeler zur Rechenschaft gezu ginn.
En aneren Aspekt vum Prozess, dee ka schockéieren, ass, datt d'Defense d'Entschiedegungsfuerderungen vun de Partie Civiles attackéiert. Dat wierkt immens kal-häerzeg, well dat si jo alles Familljememberen vum klengen Emran, seng Mamm, säi Papp...?
Jo, op den éischte Bléck wierkt dat immens krass. Mee déi Impressioun entsteet doduerch, datt d’Affekotin fir sech ganz konsequent Honoraire gefrot huet, also konkret 44.000 Euro. An dat, obschonns se bis de Prozess gewaart huet, fir d’Zivilparteien ze konstituéieren, an dat och eréischt, wéi bis jiddereen, also Zeien an Ugeklot ausgesot haten. Si huet also kengem eng Fro gestallt, well se och bis dohin keen Dossier hat. Dobäi hätt si sech scho kënnen wärend der Instruktioun aktiv fir hir Clienten amëschen a Froen stellen. Dat wier och wichteg, fir datt déi kënnen verstoen, wat am Dossier vir sech geet. An d'Gefill hunn, datt "Recht administréier"» gëtt fir d'Accident, och wann si hire Bouf net erëmkréien.
Op jidder Fall halen all d’Defense-Affekoten, dorënner awer zwee fréier Bâtonnieren, déi Honorairen, déi d’Affekotin gefrot huet, fir komplett iwwerzunn. An dann huet se wuel och fir vill vun hire Fuerderungen net déi néideg Justificatifen agereecht. An déi sinn awer iwwer den Dommage moral fir de Verloscht vum Kand eraus, noutwenneg, fir se ze kréien. Sou ass eise Rechtssystem. Mee dat sinn Elementer, déi menger Meenung fir onnéideg Grausamkeet gesuergt hunn an deem Prozess.
De Prozess geet e Méinden nees virun.