2. Instanz géint Pedophillen aus TheatermilieuAppellsgeriicht confirméiert 13 Joer Prisong fir fréieren Theaterfunktionär

Diana Hoffmann
D'Cour d'appel huet d'Prisongsstrof géint e fréiere Responsabelen aus dem Lëtzebuerger Theatermilieu confirméiert. De Mann war wéinst sexueller Exploitatioun vu Mineuren a pedokriminellen Delikter verurteelt ginn.
© Laurent Weber / RTL (Archivbild)

D’Cour d’appel huet dës Woch d’Urteel géint e fréiere Responsabelen aus dem Lëtzebuerger Theatermilieu confirméiert. De 60 Joer ale Mann gouf zu 13 Joer Prisong verurteelt, dovu 5 Joer ferme an 8 Joer mat Sursis.

Hien hat géint d’Urteel aus éischter Instanz Appell gemaach a virun allem d’Längt vun der Strof kontestéiert. D’Riichter hunn an hirem Urteel an zweeter Instanz awer op déi extrem Gravitéit vun de Faite verwisen an d’Argumentatioun vum Parquet iwwerholl.

D’Enquête hat 2019 no engem Hiweis vun Europol ugefaangen. Bei enger Perquisitioun beim Mann doheem hunn d’Enquêteuren eng grouss Quantitéit u pedokriminelle Biller um Computer an op Festplacke fonnt. Dem Dossier no goung et ënner anerem ëm Dausende Fotoen a Videoe mat Mineuren tëscht 1 a 16 Joer.

Dem Geriicht no hat de Beschëllegten iwwer Joren net nëmmen esou Biller a Videoe vu sexuellem Mëssbrauch vu Mineure gesammelt a konsuméiert, mee och selwer kannerpornographesch Biller produzéiert a gedeelt. Als besonnesch schlëmm hunn d’Riichter d’Tatsaach gesinn, datt ënnert de Victimmen och seng eegen Duechter an zwou Frëndinne vum Kand waren.

Den Ugeklote gouf ënner anerem wéinst sexueller Exploitatioun vu Mineuren, Produzéieren a Verbreede vu pedopornographesche Biller an Atteint à la pudeur vu Kanner schëlleg gesprach.

Wéi d’Wort dës Woch bericht huet, hat d’Verdeedegung am Appell argumentéiert, datt de Mann seng Schold unerkannt hätt a just an Appell gaange wier wéinst der Längt vun der Prisongsstrof. De Parquet huet awer erkläert, et géif sech ëm besonnesch grav Doten handelen, dofir hätt een eng Confirmatioun vum Urteel aus éischter Instanz gefrot mat engem manner héije Sursis.

D’Affär hat am Lëtzebuerger Kulturmilieu fir grouss Opreegung gesuergt. D’Theaterfederatioun hat sech no der éischter Verurteelung schockéiert gewisen a betount, datt d’Doten am private Kader geschitt wieren an et virdru keng Indizien oder Rumeuren iwwer de Mann ginn hätt.

Back to Top
CIM LOGO