Chauffer flücht a léisst Auto stoenZeie gesicht no Accident mat roudem BMW op der B7 bei Angelduerf

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht Informatiounen iwwer e Chauffer, deen e roude BMW fiert a sech en Donneschdeg no engem Accident duerch d'Bascht gemaach huet.
© RTL Grafik

Wéi d'Police schreift, wier hinne géint 18:15 Auer en Donneschdeg den Owend e roude BMW gemellt ginn, deen op der B7 op der Bréck, déi iwwer d'Sauerdall féiert, beim Iwwerhuele liicht mat engem Auto, deen entgéintkoum, kollidéiert ass. De Chauffer hätt sech doropshin duerch d'Bascht gemaach, ouni nom Schued ze kucken.

Kuerz drop konnt de BMW e bësse méi wäit ewech op der B7 op der Héicht vun der Bréck kuerz virun der Ausfaart Ettelbréck lokaliséiert ginn. Dat allerdéngs ouni Chauffer.

Am Kader vum Accident sicht d'Police Zeien, déi den Accident gesinn hunn, respektiv Informatiounen zum Chauffer an dem roude BMW hunn.

All Hiweiser si fir d'Police vun Ettelbréck per Mail u police.ETTELBRUCK@police.etat.lu oder der Nummer 244 84 1000.

Back to Top
CIM LOGO