Duerch Zënshaussen a SchwieregkeetenVerkafen, Hëllef vun der Famill, op Vakanz verzichten

Pierre Weimerskirch
Virun enger knapper Woch hate mer en Artikel iwwert d’Zënshaussen. Eng ganz Partie Leit hu sech doropshi bei eis gemellt. Hei e puer Temoignagen.
© Shutterstock

“Nach hu mer am Moment eppes um Enn vum Mount iwwreg”

Eng jonk Famill mat Kand, déi virun e puer Joer en Haus kaf huet, an en Deel vum Prêt am variabelen Taux geholl huet (vun 1,4 op 4,8 Prozent geklommen), sot eis, dass se duerch déi lescht Zënshaussen, déi d’Mensualitéit esou an d’Luucht gedriwwen hätten, elo zwee Mol iwwerleeën an de Restaurant ze goen an och missten op Vakanze verzichten. Méi problematesch géif et ginn, wann d’Zënse weider an d’Luucht ginn.

“Ech hoffen, dass mäi Papp säin Haus geschwë verkeeft an eis e bëssen ënnerstëtzt. Mir kommen iwwert d‘Ronnen, awer och just, well mer kënnen op d’Ënnerstëtzung vun der Famill zielen.”

“Ech muss verkafen oder en neie Locataire sichen”

E Mann huet eis kontaktéiert a gezielt, dass e seng Wunneng un e Locataire verlount. Mam Loyer huet hien d’Mensualitéite vum Prêt kënne bezuelen. Well d’Zënsen esou drastesch an d’Luucht gaange sinn, géif de Mann elo d’Differenz aus senger Täsch bezuelen. Dat géif hien awer net méi laang packen.

“Ech sinn entweder gezwongen ze verkafen, oder muss mer een neie Locataire sichen, dee bereet ass de reelle Präis ze bezuelen, wat awer net mäi Wonsch ass.”

“Mir kucken nach e bëssen no”

“Einfach emol 1.000 Euro de Mount, déi engem feelen”, dat huet eis eng Fra era geschriwwen. Si huet 2018 e Prêt am Taux variable fir en Appartement gemaach, deemools mat 1,4 Prozent, d’Mensualitéit louch bei 1.925 Euro. Ob den 1. Juni geet den Taux op 4,9 Prozent an d’Mensualitéit op 2.941 Euro.

“Mir sinn zu Drëtt am Stot. Mir maachen eis Suergen a kucken nach e puer Méint no. Wann net musse mir d’Appartement verkafen an da gi mir lounen, well lounen ass méi bëlleg wei Sue léine fir e Prêt.”

Och dat eppes wat riskéiert schwiereg ze ginn, well am Moment d’Präisser um Marché vun der Locatioun enorm unzéien, wéi onsen Invité vun der Redaktioun erkläert huet.

Eng ganz Rei Leit hu sech bei eis gemellt, all wollte se anonym temoignéieren.

Back to Top
CIM LOGO