E Freideg de Moien war d'Situatioun um Immobiliëmarché Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den Invest an de Locatif kuerzfristeg nees méi staatlech ënnerstëtzen, esou wéi d'CSV et notamment wëll, dat kann een novollzéien. Strukturell huet een allerdéngs gesinn, datt esou Mesuren net gutt funktionéiert hunn. Dat huet de Julien Licheron, Fuerscher beim Liser a Member vum Observatoire de l'habitat e Freideg de Moien hei op RTL erkläert. De Bau vun neie Wunnenge wier, iwwer 20 Joer gekuckt, trotz deene Mesuren net wierklech an d'Luucht gaangen. D'Léisung zum Logementsproblem wier, Terrainen am Perimeter "deblockéieren", Prozedure vereinfachen an e méi grousse Stock u bezuelbare Wunnengen opbauen.

De Julien Licheron huet e Freideg de Moien och d'Tendenzen, déi aus den Zuele vun atHome ervirginn confirméiert: D'Wunnengspräisser kéinten dëst Joer falen, wat d'Vente ubelaangt. Dem Fuerscher no wier déi Baisse vun den Immobiliëpräisser eng Korrektur, en "Ajustement, juste", also u sech eng gerecht Upassung, wéi et op engem Marché ebe soll sinn.

War de Lëtzebuerger Immobiliëmarché bis ewell fir d'Verkeefer favorabel, sou hätt dat sech elo geännert: de Keefer hätt elo méi Marge, fir d’Präisser besser ze verhandelen. Datt d'Loyeren awer aktuell klammen, dat wier e grousse Problem, sou de Julien Licheron.

Invité vun der Redaktioun: Julien Licheron

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.