
D’Gemeng Ell huet en Dënschdeg de Moie matgedeelt, datt verschidden Haiser wéinst enger Waasserfuite an der Arelerstrooss zu Biekerech den Ament kee Waasser hunn. D’Gemeng preziséiert, datt d’Aarbechten, fir d’Leitung ze flécken, de ganzen Dag dauere kéinten. D’Ekippe vun der Gemeng wieren awer op der Plaz, fir d’Versuergung esou séier wéi méiglech nees hierzestellen. Bis dohi kënne betraffen Awunner mat eegene Fläschen oder Behälter Drénkwaasser bei en Hydrant bei Futtballsterrain zu Ell siche goen.
D’Gemeng mécht dann och nach dorop opmierksam, datt d’Waasserversuergung kuerz an der ganzer Gemeng ënnerbrach war. Doduerch kéint et sinn, datt d’Waasser ufanks e bëssen dréif aus der Leitung komme kann. Et soll een d’Waasser eng 10 Minutte lafe loossen, fir d’Leitung ze spullen.