Deposéiere vu Bauschutt an der NaturVertrieder vum Parquet fuerdert Geldstrof fir 55 Joer ale Mann

RTL Lëtzebuerg
Hie krut ënnert anerem virgehäit, am Oktober 2018 zu Lelleg an enger Gréngzon Bauschutt deposéiert an e Biotop zerstéiert ze hunn.
© AFP (Archiv)

Eng Geldstrof, där hir Héicht de Riichter iwwerlooss wär: Ënnert anerem dat huet de Vertrieder vum Parquet en Dënschdeg um Stater Geriicht an enger Affär vun Deponéiere vun Offall an der Natur gefuerdert. E Mann vu 55 Joer hat sech dowéinst ze veräntweren.

Prozess "Bauschutt an der Natur deposéiert" / Rep. E. Ewald

Hie krut ënnert anerem virgehäit, am Oktober 2018 zu Lelleg an enger Gréngzon Bauschutt deposéiert an e Biotop zerstéiert ze hunn. Fir de Parquet ass awer de "Rétablissement des lieux" bannent 6 Méint déi éischt Prioritéit.

Woubäi de Beschëllegten op d'Fro hi vum President vum Geriicht, wou ënnert anerem déi ofgeluede Steng dru wären, erkläert huet, déi wären ewechgeholl. Hie kéint awer kucke goen, ob nach eppes do léich, sot de Mann. Wouropshin de Parquetier gemengt huet, dass, wann dat an der Rei wär, de "Rétablissement des lieux" jo scho Realitéit wär. "Wann de Fierschter seet, et wär an der Rei, dann ass et gutt", huet de Riichter bäigefléckt.

Deen hat am Ufank resuméiert, dass den Ugekloten den Nopere gehollef huet, fir Buedem opzelueden an ewech ze féieren, awer eben an der Gréngzon ofgelueden hätt. Hien hätt de Buedem net an de Bësch gefouert, huet de Mann geäntwert, kee Schued gemaach, mä e Lach opgefëllt, do wou eng Pente ass, vu wou aus den Offall dunn erofgerutscht wär. "Ech wosst net an hunn net gesinn, dass ënnert anerem Steng drënner waren: Dowéinst ass et dem Fierschter warscheinlech opgefall", sou de Mann. Dee betount huet, sech bewosst ze sinn, dass hien eppes bezuele misst. Et géif net ëm eng Geldstrof goen, mä dorëms, dass keen op sou eng Iddi kéim, huet de President vum Geriicht betount. Hien hätt de Kipper dohi gesat, den Noper dee mat Buedem opgefëllt, sot de Mann nach. Hie wär net dobäi gewiescht an hätt dem Noper nach gesot: "Kuck, dass näischt dran ass."

De Vertrieder vum Parquet huet a sengem Requisitoire vum speziellen Ëmstand geschwat, dass de Mann den Offall op eng Plaz gekippt hätt, déi souwuel Zone verte, Biotop, wéi Natura 2000-Zon ass. Hien hätt dono misse kucken, wat erofgerutscht ass, a wann déi Verstéiss direkt redresséiert gi wären, da wär de Mann net op d'Geriicht komm, huet de Parquetier ënnerstrach. Woubäi eben ze kläre bleift, ob dat net an der Tëschenzäit awer geschitt ass.

D'Urteel ass allzäit fir den 11. Juni.

Back to Top
CIM LOGO