Zesumme maache se sech Suergen ëm de Planéit, d’Klimakris an d’Sozial-Gerechtegkeeten. D’Plattform Votum Klima, déi aus 14 Organisatioune besteet, huet um Krautmaart hir Revendicatioune fir déi kommend Chamberwalen am Oktober presentéiert.
Bis de 15. Juli mussen d’Lëschte fir d’Nationalwale jo eragereecht sinn. Un den eenzele Walprogrammer gëtt aktuell fläisseg geschriwwen. Déi 156 Propositioune vu Votum Klima sollen hei hire Wee an d’Programmer fannen. Kee Bréif, keng Pressekonferenz, ma e Protest-Piquet virun der Chamber sollen op sech opmierksam maachen. Et wëll een op d’Urgence bei Themen ewéi Klima oder sozialen Inegalitéiten opmierksam maachen, erkläert d’Magali Paulus, d’CELL-Vetriederin: “Mir wëllen eis Punkten um Espace Public presentéieren. Et ass fir eis ganz wichteg, d’Diskussioun ronderëm d’Klima nees méi staark am ëffentlechen Debat ze verankeren. Et muss nees méi staark iwwert d’Klima geschwat ginn.”
156 Punkten, vun der lokaler Biolandwirtschaft, bis eriwwer bei méi Gerechtegkeet fir Länner, déi staark vun der Klimakris betraff sinn. Och iwwer d’Grenzen eraus hätt d’Lëtzebuerger Politik hir Responsabilitéit ze droen, esou de Cédric Reichel, Aktivist bei der ASTM, der Action Solidarité Tiers Monde: “Mir brauchen eng Regierung, déi sech kloer zu engem Liwwerkettegesetz bekennt, dat Ëmweltschutz a Mënscherechter beinhalt. Mir brauchen eng Regierung, déi hei am Land dofir suergt, datt an alle Secteuren, net just vereenzelter, CO2-Emissiounen erofginn.”
Och de Wee eraus aus der aktueller “Wegwerfgesellschaft” soll weider ënnerstëtzt ginn. Dat mat engem gesetzleche Kader fir Reparatiounen. D’Magali Paulus: “Déi ganz Iddie vun der Zirkularwirtschaft, déi ganz Iddie vun Net-Ewechgeheien, soll promouvéiert ginn. Et ass méiglech, Saachen ze flécken. Et musse méi Plaze kreéiert ginn, wou d’Leit kënnen higoen, fir Saache reparéiert ze kréien. Dat och an engem legale Kader.”
D’Klimapolitik ass keen “nice-to-have”, esou de Constat um Méindeg. Déi nächst Regierung um Rudder misst bis 2029 all déi richteg Decisiounen huelen, esou de Regruppement.