Direkter vun der Santé am InterviewVill drénken, d'Sonn vermeiden an op vulnerabel Persounen oppassen

RTL Lëtzebuerg
Bei Temperaturen iwwer 30 Grad a ville Leit ënnerwee wéinst de Feierlechkeete ronderëm Nationalfeierdag rifft d'Direction de la Santé d’Leit dozou op, sech géint d’Hëtzt ze schützen.

Déi héich Temperaturen halen nach e puer Deeg un. Um Virowend vun Nationalfeierdag an op Nationalfeierdag sollen d'Leit besonnesch oppassen, wa se dobaussen ënnerwee sinn. Fir den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit ass et dofir wichteg, e puer Grondreegelen ze respektéieren an do solle besonnesch déi vulnerabel Persoune gutt oppassen.

“Dat sinn haaptsächlech eeler Leit oder Leit mat chronesche Krankheeten, mee och kleng Kanner.“

De Jean-Claude Schmit war och Invité am Mëttesjournal um Radio

Vill drénken an d'Sonn evitéieren

Reegelméisseg Waasser drénke wier extreem wichteg, esou den Direkter vun der Santé. An der Sonn soll ee sech mat enger Kap oder engem Hutt géint d'Sonn protegéieren an am beschten am Schiet bleiwen.

Wat maachen, wann ee sech net gutt fillt?

Wann een duerch d'Hëtzt Problemer kritt, soll een als éischt aus der Sonn erausgoen.

"Op eng kal Plaz goen, eventuell eng kal Dusch huelen a genuch drénken.“

Wann d'Symptomer net besser ginn, soll een Hëllef sichen. Als éischt Ulafstell recommandéiert hien um Feierdag d'Maison médicale. An d'Urgence goe soll een nëmmen, wann et eng Urgence wier.

Besonnesch oppasse misst een, wann net méi kloer denke kann oder desorientéiert wier, esou den Dr. Schmit. "Besonnesch bei eelere Leit" wier dat e Warnsignal. An esou Fäll misst ee sech allerdéngs direkt an d'Urgence wenden.

Recommandatioune fir d'Militärparad

Fir déi Leit, déi d'Militärparad live an der Stad wëlle kucke, gëllt et, besonnesch virsiichteg ze sinn. Et soll een eng Kap, en Hutt oder souguer e Prabbeli, fir sech géint d'Sonn ze schützen, mathuelen. Och hei gëllt et genuch ze drénken, dofir géif d'Stad Lëtzebuerg och Waasser-Spender installéieren, wou ee kann drénken an d'Fläsch opfëllen.

Back to Top
CIM LOGO